Action! Den Cinopolis mescht seng Dieren op an den Kinosall ass gefellt mat jonken Nowuestalenter. Eng herzlech Begréißungsried vun den Direkteren sou wéi d‘Virstellung vun den Schauspiller suergen zu Housen direkt vir gutt Stemmung an Virfreed vir d‘Woch. Een gelongenen Optakt!

An den 2 Hausgruppen agedeelt, gett mat eichten Theater-Spiller d’Eis gebrach an d’Gruppendynamik ass direkt gesechert. Owes beim Krimidinner probéiren d’Participant‘en rauszefannen waat et mam Verschwannen vum Leonardo DiCaprio op sech huet. Nierwt dem 3 Gänge-Menu suergt eisen Komponist Matthias Williams vir bäscht Ambience mat enger wonnerschéiner Performance vun „La vie en rose“.

Mat vollem Bauch geet et dann zesummen an d’Owesshow. Et muss onbedengt eng nei Jury hier, soss fällt den ugekënnegten Blockbuster vun den Direkteren an d’Wasser. Ween vun den Schauspiller kann d’Kanner iwwerzeeschen an sechert sech eng Platz an der Jury?

No enger eichter Iwwernuechtung zu Housen geet den Programm direkt weider mat diversen Workshops. Eis Schauspiller bidden Glamour, Confidence oder Action, vir jiddereen ass also eppes dobäi.

Den Metten gett dann nach den Project F lancéiert. D’Kanner dréinen an hierem Grupp een Film deen an der Owesshow presentéiert gëtt. Hei mussen sie souwuel d’Aufgab vun den Schauspiller wéi och vun den Drehbuch-Autoren, Statisten, Make-up Artists an sou weider iwwerhuelen. Mir sin gespaant waat dobäi rauskennt!

Jon Lahyr