Haut den Moien sinn d’Kanner um Paischtcamp ukomm. Nodeems Moniteuren hinne hier Zelter gewisen hunn an Kanner sech ënnerteneen kennegeléiert hunn, gouf et eng lecker Stäerkung vun der Kichen. Kanner waren dunn och direkt prett vir mat den Piraten an den Bësch ze goen, an ze beweisen datt si déi nei Piratencrew kennen ginn, keng Aufgab an keen Challenge war hinne ze schwéier. Eis Kichen huet et souguer bis an den Bësch gepackt an eisen klengen Piraten lecker Wurschten gegrillt. Zeréck um Site hunn mir den Daach ofkléngen gelooss mat engem Improvisatieunstheater vun den Moniteuren, deen immens lëschteg war.

Gil Sietzen