Eis Kanner hunn sech gutt agelieft an hunn scho richteg vill hei am Schlass an Ëmgéigend erlieft. Gëschter gouf gebastelt, gebaack,et goufen Rakéiten gebaut an d’Kanner konnten hier kreativ Oder beim Action Painting ausliewen. No engem flotten Metten am Park goungen eis Kanner op eng geheimnisvoll Schatzsich am Häerzen vum Schlass zu Huelmes. Des schwiereg Aufgab hunn Si mat Bravour gemeeschtert. No engem deftegen Brunch den Moien am Casino geet et elo an Richtung Miersch an d’ Schwemm. Owes féieren den Sadhi an eis Hexemeeschterinnen Mira an Merlin d´Kanner duerch eng orientalesch Welt fir Famill vum Sultan virun béisen Geeschter ze retten. Op d´Kanner dem Sadhi hëllefen kennen d´Prinzessin Clara ze retten…?

Joe Piret