Haut goufen eis 40 VIP Gäscht zu Huelmes vum Cosmo, Kwanda an eise Mäerechersfiguren op dem Mäerechersfestival begréisst. Mee d’Freet op d’Fest ass gestéiert ginn. Ob emol haten eis Mäerechersfigure keng Magie méi. Do missten eis Kanner natierlech hëllefen. Mee fir eis Mäerecherswelt besser kennen ze léieren, hunn sech d’Kanner op de Wee duech de verzauberte Bësch gemaach. Ënnerwee missten natierlech och puer Aufgaben an Hindernisser geléist ginn. No enger klenger Schokipaus am Nomëtten ass et och scho weider gaangen. Dobäi konnt ee wiele fir de Recht vum Dag bëssi ze relaxen oder z.B. op eng Schatzsich ze goen. No dësem vollgepaakten Dag, si mir all midd an d’Bett gefall an hoffen eise Mäerechersfigure muer hëllefen ze kenne fir d’Magie erëm ze kréien.

Kim Levy