En  Mëttwoch huet den Dag mat 6 verschiddene flotten Atelieren ugefaangen. Egal ob baken oder bastelen, fir jidderee war eppes dobäi. Wärenddeem krute mir Besuch vum RTL, déi sech ukucke wollte wéi eis Kolonie dann sou ofleeft. An deenen nächsten Deeg wärte mir d’Resultat dovu gesinn.
Mëttes hunn mir dunn zwee Außeriedechen, déi op engem einsame groe Planéit liewe gehollef fir erëm Faarwen a Freed an hie Welt ze bréngen. Dobäi hunn d’Kanner sech ville Froen an Aufgabe gestallt, déi se mat bravur gemeeschtert hunn.

Owes ass dunn chic ginn. Mir kruten all eng Aluedung fir an de “Space X Casoni”, an dem een sech mat sengem gewonnene Spillgeld ënner anerem lecker Cocktaile a Pancakë kafe konnt.
An der Geschicht si mir erëm de Perry besiche gaangen. Hien versicht seng Karmapunkten erëmzekréien an all Kand kann hien dobäi ënnerstëtzen andeems et de ganzen Dag léif a gutt Aktioune mëscht. Mir si gespaant, ob mir genuch gesammelt hunn.

Kim Levy