Gëschter Moien hate mir den Uschlag op de McFitty opgeléist. Nodeems d’Kanner all néideg Informatioune gesammelt hunn, war et kloer dass et de Polizist war, deen och Sänger wollt ginn.

Mëttes waren d’Kanner dann an hiren Hausgruppen dobaussen an hunn verschidden Aktivitéite gemaach. Z.B. eng Schnitzeljuegt an en Tauschspill duerch Beefort.

Owes hunn mir eis dunn erëm mam Perry getraff fir eis op UniLove ze beamen.

Leider goufe mir an eng Fal gelackelt an de Perry huet all seng Karmapunkte verluer.

Wéi mir dunn am richtegen UniLove ware krut de Perry d’Chance seng Karmapunkten erëm ze sammelen. Wéi mir dat kennen erreeche gesi mir den Owend.

Tim Vorbrink