Nodeems gëschter Moien d’Kanner ënnert anerem hier eegen Billerrumm, Cookies an  Seefen gemaach hunn, hunn sech déi eng gëschter Metten  am Bësch militäresch weidergebilt an déi aner mat Waasserspiller ofgekillt.

Owes konnten d‘Kanner am Wëllen Westen hier Goldnuggets am Casino verspillen a sech an der Bar mat engem Cocktail erfrëschen.

Haut huet e  mysteriéisen Mord op enger Party vir vill Chaos gesuergt gutt, dass een Deel vun den Kanner sech bereet erkläert huet den Mord opzedecken. Dei aner  Kanner wollten dem Kinnek léiwer hëllefen säin Kinnekräich opriicht ze erhalen.

Op der „Vida Loca“ war gëschter och eng méi lass, den Passepartout léist sech op den geheimen Deal vum Al Kouscha an.  Op den Passepartout den Deal erfëllt ginn mir den Owend gewuer.

Lynn Kraus