De Metten um 15:00 hunn 60 Kanner de Wee op Neihaischen fonnt. Nodeems se a 4 Gruppen agedeelt goufen hunn se direkt mat hire Moniteuren Zëmmeren an Zelter ageriicht a Spiller gemaach vir sech besser kennen ze léieren. No enger Stäerkung vun der Kichen hunn se dunn am Grupp eng Schatzsich gemaach, hunn sech a Challengen de Moniteure gestallt oder hunn Strapsball gespillt. Zum Schluss huet de Kapitano Crusoe vum Schëff ,,Vida Loca,, all seng Gäscht un Bord begréisst an eis Croisière ass endlech a Séi gestach.

Wei des Rees sech werd weider entwéckele wäerte mir dann an den nächsten Deeg gesinn.

Alain Tonnar