Gëschter sinn bei eis zu Ierpeldeng 55 Kanner ukomm fir 5 Deeg Spaass ze hunn.
No puer Spiller fir sech kennenzeléieren, goung et och scho un déi lecker Mettesbaff. Fir dat ganzt gutt ze verdauen hunn d’Kanner, mat den Moniteuren zesummen, op puer Lidder gedanzt. Och Mëttes waren se ganz sportlech mat den griechechen Gëtter ënnerwee, wou se dunn op der Olympiad gewisen hunn wat se drop hunn.

Owes war et dann esou weit, se hunn den Nört kennegeléiert, deen an engem Videospill opgewaacht ass. En krut e puer Aufgaben an hoffentlech wäert hien se geléist kréien.

Fir den Owend ofzeschléissen hunn mir eis dunn all zesummen bei d’Lagerfeier gesaat an zesummen d’Aventuren vum Stitch op senger Rees an d’Türkei erzielt.

Jennifer Meester