Haut ob eisem éischten Dag vun der Spillvakanz, hunn mir scho vill erlieft. Nodeems mir eis Valis ausgepaakt hunn an eis mat Spaghetti gestart hunn, si mir an eisen Hausgruppen an de Bësch gaangen. Dëst war ganz angenehm well et do net grad sou warm war. Owes hunn mir dunn de Pirate gehollef hire Schatz ze beschützen. E weideren Highlight vum Dag war den Ufank vum Theater, wou mir am Wickingerduerf Grünheim, d’Helde vun der Geschicht kennegeléiert hunn.

Anne Klepper