No der éischter Nuecht am Zelt, hunn mir den zweeten Dag mat gemittlechen Atelieren um FlowerPowerplanéit ugefaangen.

Mëttes hu mir déi ëmmer motivéiert Bewunner vun dësem Planéit besser kenne geléiert mat engem Gänsespill.

Am spéiden Nomëtten, hu mir eise an eise Gruppen an de Schiet verzunn, wou mir e Lidd geschriwwen hunn, en Naturmandala oder „1,2 oder 3“ gespillt hunn.

No dësem spannenden Dag hunn mir Owes den Yuri erëm gesinn, deen mam Fleur verhandelt huet, fir Som vum Flowerplowerplanéit ze kréien, datt Zwergen eng Hoffnung kréien ob en néie Planéit.

Jeff Hennico