En Méindeg hun d’Kanner sech op den Wee gemaach op den Hike fir zwee flott Deeg an Nueschten außerhalb vum Site ze verbréngen, d’Gruppen hun an Höhlen, am Bësch oder beim Bauer geschloof. Owes gouff um Féier gut Iessen gekacht an deelweis ënnert fräiem Himmel geschloof. Puer an Andréck vum Hike gesidd der op den Fotoen.

Nodeems d’Kanner ebessen midd awer gléckleg vum Hike remkomm sin gouff am Park en Streetfoodfestival organiseiert wou et Burger an aaner extra Saachen ze iessen gouff. Währendeems war och een Wahrsager, en Zauberer an een Artist wou Feier gespout hudd.

Haut demëtteg wäerten d’Kanner sech an Wellnessatelieren erhuelen an vum gudden Wierder gouff och profitéiert bei enger grousser Waasserschlacht op der Campplaatz.

An der Geschicht gouffen den Hummer an d’Buch vun engem Cocktail an dem Pablo, en Massagestaaf empfangen. Léider hudd sech rausgestallt dass d’Lissandra hinnen eng Faal gestallt hudd an sie gouffen vun sengen zwee Gehilfen gefesselt an an den Kerker bruescht. D’Kanner sin ganz gespaant wei et an den nächsten Deeg wéidergeet.

Ben Piret