Schéine gudden Moien hei vun Ierpeldeng, eis geet et gutt an den Kanner gefält et immens.

Firgëschter waren eis Kanner mat groussen Mafia Bossen zu Dikrech an Ettelbréck ënnerwee. Moies ass et drëm gaangen verschidden Formatiounen ze maachen fir ze beweisen dass sie schmuggelen an sech uschläichen kennen. Mëttes an der Staat gouf dunn den Mister X gesicht.

Owes an der Geschicht huet eng Hex den Cliff gefaangen geholl an him vun sengem béisen Plang erzielt. An dësem Plang well hat alleguerten d’Mënschen an Géigestänn ëmwandelen, fir déi dann besser kontrolléieren ze kennen. Wärend dem hunn den Hummer an d’Buch een alen Bopi begéint dem säin ganzt Duerf vun Seeën zerstéiert gouf.

Gëschter Moien hunn d’Kanner dunn an dem Thema vun der Geschicht dem Bopi gehollef säin Duerf erëm opzebauen.

No engem flotten Spill Metten um Site ass et dunn Owes an den Bësch gaangen fir en Nuetsrallye. Hei missten d’Kanner den Märechersfiguren hëllefen en Zaubersproch ze fannen fir dass si hiren Fluch ass ginn.

Haut geet et dann op den Hike. Hei sinn d’Kanner alleguerten an hiren Gruppen ënnerwee an wäerten déi nächst 2 Nuechten net bei eis um Site iwwernuechten, mee bei engem Bauer, am Bësch oder an enger Höhl.

Mir mellen eis nom Hike, bis geschwënn 🙂

Jeanne Jénin