Gëschter sin 102 Kanner zu Ierpeldeng ukomm fir 10 Deeg mat eisen voll motiveierten Moniteuren ze verbrengen. Mëttes gouff sech direkt mat flotten Wasserspiller oofgekillt. Nodeems sech beim Owesiessen den Bauch vollgeschloen gouff, hun dei eenzel Hausgruppen eng Aktivitéit an hierem Grupp gemaach fir d’Identitéit ze stärken.

An der Geschicht hun dei drei Abenteurer no enger längerer Rascht op den Wee gemaach fir en néien Schatz ze sichen. Dëst ass léider net sou einfach well den Cliff beim opmaachen vum Schatz en Fluch ausgeléist hudd, dobei gouffen eis dréi Entdecker an Geigenstänn verwandelt. Elo sin an der Geschicht een Hummer, een Buch an eng Wäschmaschine déi probéieren den Flug op en Néits ze briechen an deen richtegen Schatz ze fannen.

Haut hun sech eis Kanner an verschiddenen Atelieren ageschriwwen, dëst goung vun engem klasseschen Sportsatelier iwwert Staudamm bauen, Action Painting oder awer och gouff gebastelt an aus Naturmaterialien Seefen gemaach. Mëttes hun d’Kanner sech dann op den Wee an den Bësch gemaach wou sie un engem Turnoi vun der Zauberschoul deel geholl hun.

Ben Piret