Elo gin et erëm spannend News vu Wäicherdang.

E Sonndeg de Moien hate mir verschidde Workshops. Beim Schnitzen hu mir e klengt Messer, e Feierstab an en Porteclé gemaach. Am Videoworkshop hu mir eis gutt amüséiert an flott Szenen op d’Lidd „Zusammen“ gedréint. Dann hate mir awer och fläisseg Käch déi eis mat enger leckerer Rondrees bekäschtegt hunn. Kreativ ass et beim Stempeldrock Workshop zougaang.

Geschter dunn hu mir e flotten Dag um Stau verbruecht, mat Stand Up Paddling, Klooteren a Kayak. Mir hate vill Spaass am Waasser bei herrlechem Wierder. Owes du sinn déi 2 Gruppen an Challengen géinteneen ugetrueden an hunn haart gekämpft fir dass all Grupp sech beweist.

Haut ass erem en Dag voller Action, wou d’Kanner dem Josette an dem Jacqueline hëllefe mussen, d’Eislek besser kennen ze leieren, well si leider hire Fliger fir an d’Vakanz verpasst hunn an elo entscheed hun d’Eislek méi genau ënnert d’Lupp zehuelen an dobäi verschidde Aufgaben vun Fotoen maachen iwwert Saache sammelen.

Valerie Klein