Gudde Mëtteg alleguer,

No enger eischter Nuecht am Zelt si mir fit a monter an den 1. Dag gestart.

Et war nämlech eng Méi lass hei uewen! Duerch eng messlongen Zauberaktioun vum Grindelwald, si Kreaturen aus verschiddene Welten all zu Wäicherdang geland. Nodeems mir verschidden Aufgaben, wéi Waasserspiller, e Korkekrich an awer och e Counterstrike erfëllt hunn, waren d’Stären erëm all do am mir konnten feiere goen, dass se erëm all do waren an d’Kreaturen erëm an hir Welt zeréck konnte goen.

Nom Owesiessen dunn de Schock ! Een vun de Kreaturen hat all d’Stäre geklaut an mir hu misse rausfannen wien et war. All Kreatur hat e puer Hinweiser, vu Beobachtungen. Nodeems dëse Fall geleisst war, war och schon Zäit fir sech esoulues prett ze maache fir schlofen ze goen ier mir nach e puer Minutten beim Lagerfeier sutzen.

Bis geschwenn, Adventure Camp Crew

Valerie Klein