Startsäit
GA op traditioneller Visitt zu Ierpeldeng

Wei all Joer si mir och 2018 erëm fir eis dräi Kolonien zu Ierpeldeng am Park.
Wärend bal 5 Woche kommen esou iwwert 40 Moniteuren an iwwert 250 Kanner op Ierpeldeng fir eng flott an onvergiesslech Zäit ze verbréngen.
Den Ufank mëscht den Ierpel I fir Kanner vun 9-12 Joer, éiert den Ierpel II op Besuch ass fir Jonke vun 13-16. Den Ofschloss mëscht den Ierpel III / 4 Nuechten am Zelt fir déi Kleng vu 6-9 Joer.
Fir jiddereen ass des Zäit am Summer ee vun de wichtege Momenter am Joer an ëmmer erëm entstinn hei Frëndschaften a ganz vill flott Erfarungen!

