Menu


Blog



Vill Sonn an vill Spaass

Agedro den 25.07.2019 vum Jeanne Jénin


Gudden Mëtteg,

Eis Kanner waren vun een Dënschten bis een Donneschten op den Hike, dobei hun sie vill flott Saachen erliewt. Dei eng waren gemittlech an engem Park mat Spillplaatz, aaner sin duerch Höhlen gewandert oder and Schwämm gaangen.

Béi dëser Hëtzt hudd all Grupp gekukt fir sech an deenen 2 Deeg engkeier gut oofzekillen. Op dëser Aventure hun d'Kanner owes mat hieren Moniteuren um Féier gekacht an sech op der jeweileger Plaatz amüseiert. Während dem Daag gouffen dann och e puer Kilometer duerch eist schéint Ländchen getrëppelt.

Haut wäert et een Special vun eisen Kichenkuederen gin, déi préparéieren eis denowend een italieneschen Menü deen d'Kanner awer am Kader vun enger Schatzsuche selwer entdecken mussen.

Déi ganz Equipe passt drop op dass d'Kanner genug drénken an agecremed sin fir dass mer d'Hëtzt iwwerstinn. Déi nächst 4 Deeg stinn nach flott Aktivitéiten um Programm, mir wäerten ierch wéiderhin um laafenden haalen.

Bildschirmfoto_2019-07-25_um_17.51.49.png Bildschirmfoto_2019-07-25_um_17.54.55.png Bildschirmfoto_2019-07-25_um_17.55.36.png Bildschirmfoto_2019-07-25_um_17.55.52.png Bildschirmfoto_2019-07-25_um_17.56.13.png Bildschirmfoto_2019-07-25_um_17.56.33.png Bildschirmfoto_2019-07-25_um_17.56.44.png Bildschirmfoto_2019-07-25_um_17.56.58.png Bildschirmfoto_2019-07-25_um_17.58.03.png Bildschirmfoto_2019-07-25_um_17.58.38.png
Dësen Artikel gouf bis elo 374 mol opgeruff.

Kommentarer zu dësem Artikel

Schreift e Kommentar zu dësem Artikel.


E Kommentar schreiwen zu "Vill Sonn an vill Spaass"


Ären Numm:
Är Emailadress:
Titel vun Ärem Kommentar:
Äre Kommentar:

This is a captcha-picture. It is used to prevent mass-access by robots. (see: www.captcha.net)
Gitt w.egl. d'Zeechen an, déi dir am Feld hei uewendriwwer gesitt:


Wann Dir net wëllt, datt eng vun dëse Fotoen hei ugewise gëtt, da kontaktéiert ons w.e.gl. a mir huelen se sou séier wéi méiglech erof.
Et ass net erlaabt Fotoe vun dëser Säit ze kopéieren an/oder op anere Plazen ze publizéieren.


Zréck


Kalenner



Nächst Aktivitéiten

28.09.2019 - 29.09.2019
The last Summer Hike

13.10.2019 - 14.10.2019
Vampiren- a Gespensterweekend

19.10.2019 - 20.10.2019
Grujelweekend


Nei am Blog

Erliefniskolonie
Fotoen Erliefniskolonie

Erliefniskolonie
Ennerwee um Hike

Erliefniskolonie
Dag um Stau