Menu


Blog



En ofwiesslungsräichen Programm zu Ierpeldeng

Agedro den 26.07.2019 vum Jeanne Jénin


D'Kanner hun haut eng Réih verschidden Aktivitéiten firun sëch.

Moies geet et lass mat engem Duerfspill wou d'Kanner den Zwergen hëllefen mussen fir een Zaubertrank ze drénken, deen verhënneren soll dass d'Kanner an Zwergen alteren.

 

 

Mëttes hun d'Kanner eng grouss Waasserschlacht all zesummen gemaach, an duerno gouffen Wellness Atelieren organiseiert fir dass d'Kanner mol engkéier richteg duerchbloosen kënnen an sech bessi erhuelen vun der Hëtzt an den unstrengend Deeg. Dëst goung vun Massagen, Gesichtsmasken, iwwer Jamsession, Musicstation oder och and Sauer konnten d'Kanner goen fir sech een gemittlechen Mëtteg ze maachen. Haut denowend mussen d'Kanner probéieren verschidden Länner ze eroberen déi vun den Déieren-Piraten kontrolléiert gin, dobei mussen sie verschidden Challengen machen, Froen beänferten oder kleng Spiller meeschteren.

 

D'Geschicht ass ganz spannend am Moment, nodeems d'Sheyenne gekidnapped gouff, hun sech déi rechtlech véier vun den fënnef Frënn op den Wee gemaach fir hat ze sichen. Den Verdacht léit dobei dass d'Famille Lacouler eppes domadder zedin huet, ukomm béim Haus gouffen sie vun den Wächteren attackéiert mee sie konnten dëst gut meeschteren an sech vertéidegen.

Bildschirmfoto_2019-07-26_um_15.29.19.png Bildschirmfoto_2019-07-26_um_15.31.16.png Bildschirmfoto_2019-07-26_um_15.31.27.png Bildschirmfoto_2019-07-26_um_20.34.36.png Bildschirmfoto_2019-07-26_um_20.34.51.png Bildschirmfoto_2019-07-26_um_20.35.01.png Bildschirmfoto_2019-07-26_um_20.35.09.png WhatsApp_Image_2019-07-26_at_15.31.31.jpeg
Dësen Artikel gouf bis elo 276 mol opgeruff.

Kommentarer zu dësem Artikel

Schreift e Kommentar zu dësem Artikel.


E Kommentar schreiwen zu "En ofwiesslungsräichen Programm zu Ierpeldeng"


Ären Numm:
Är Emailadress:
Titel vun Ärem Kommentar:
Äre Kommentar:

This is a captcha-picture. It is used to prevent mass-access by robots. (see: www.captcha.net)
Gitt w.egl. d'Zeechen an, déi dir am Feld hei uewendriwwer gesitt:


Wann Dir net wëllt, datt eng vun dëse Fotoen hei ugewise gëtt, da kontaktéiert ons w.e.gl. a mir huelen se sou séier wéi méiglech erof.
Et ass net erlaabt Fotoe vun dëser Säit ze kopéieren an/oder op anere Plazen ze publizéieren.


Zréck


Kalenner



Nächst Aktivitéiten

1.09.2019 - 08.09.2019
Art Together

1.09.2019 - 08.09.2019
Check-In

7.09.2019 - 11.09.2019
Hollenfall


Nei am Blog