Iwwer ons Aktivitéiten

Oft gi mir gefrot, wat da lo genee op onse Kolonië leeft a wéi di ganz Betreiung an Organisatioun hannendrun ausgesinn. D’Äntwert op dës Froe versiche mir Iech op dëser Säit ze liwweren.

De Programm vun onse Kolonië variéiert natierlech vu Kolonie zu Kolonie a mir versichen ëmmer sou en ofwiesslungsräiche Programm wéi méiglech unzebidden. Am Mëttelpunkt vun all eisen Aktivitéite steet ëmmer d’Animatioun déi dann natierlech verschidde Formen unhuele kann. Haaptbestanddeel vun eise Kolonië sinn dofir och Spiller, woubäi mir dorënner wierklech e breet gefächerte Begrëff verstinn – vum klenge Pausefëller bis hin zu Spiller déi ganz Nomëtteger, Owender oder souguer e ganzen Dag daueren. Nieft dem geleete Spill am Grupp, hëlt awer och d’fräit Spill e wichtegen Deel op eisen Aktivitéiten an.
Och d’Kreativitéit kënnt duerch kleng Bastelatelieren ni ze kuerz an ass natierlech och bei eise Spiller gefrot.
Wichteg ass ons bei all dëse Saachen awer och de Bezuch zur Natur, deem Liewensraum, deen eigentlech am spannendste fir eis Kanner ass, well et einfach onheemlech vill ze entdecke gëtt. Dofir versiche mir ëmmer sou vill wéi méiglech Aktivitéite baussen an der fräier Natur ze maachen, fir de Kanner sou och dëse leider ëmmer méi frieme Liewensraum nees méi no ze bréngen. Aus dësem Grond steet op deene grousse Summerkolonien a -campe gewéinlech nach een anere groussen Héichpunkt um Programm: den Hike.

Dëse besteet doraus, dass d’Kanner am klenge Grupp mat hire Gruppemoniteuren am Bësch oder op engem Bauerenhaff ënner (méiglechst) fräiem Himmel iwwernuechten, um Feier kachen a sou muncht flott Abenteuer zesummen am Grupp mat hire Kollegen erliewen.
E weideren Héichpunkt erwaart d’Kanner dann op bal all eisen Aktivitéiten virum Schlofegoen: eng spannend Geschicht déi jeeweils vun den Animateure virbereet an a Form vun Improvisatiounstheater virgespillt gëtt an d’Kanner och mat abezitt. Dës Geschicht zitt sech gewéinlech wéi e roude Fuedem duerch d’ganz Kolonie a setzt sou alles an ee spannend Thema, sou dass eis Spiller och ëmmer ënner engem Thema lafen. Doduerch ginn d’Kanner deelweis an eng aner Welt gesat, sou dass d’Atmosphär eng wichteg Roll op eise Kolonië spillt.

Dëst ass sécherlech och nëmmen e klengen Iwwerbléck iwwert dat wat op eise Kolonië leeft. Ze vill kënne mir natierlech och net op dëser Plaz verroden, mee wat kloer ass, ass dass de Spaass ëmmer am Mëttelpunkt steet an dass op alle Fall alles gemaach gëtt, fir dass zu kengem Moment Langweil opkënnt!

Verpasst keng vun eisen Aktivitéiten

An onsem Kalenner fannt Dir den aktuelle Programm, Fotoen an all néideg Informatiounen zu onser Organisatioun an hiren Aktivitéiten!

Ofwiesslungsräiche Programm

Am Mëttelpunkt steet ëmmer d’Animatioun

Spiller

vum klenge Pausefëller bis hin zu Spiller déi ganz Nomëtteger, Owender oder souguer e ganzen Dag daueren.

De Bezuch zur Natur

Well et einfach onheemlech vill ze entdecke gëtt

Hike

Een anere groussen Héichpunkt um Programm  op eise grousse Summerkolonien a Summercampe!

Spannend Geschichten

D’Atmosphär spillt eng wichteg Roll op eise Kolonië

Theater

Doduerch ginn d’Kanner deelweis an eng aner Welt gesat…

Iwwer d’Formatioun

De Groupe Animateur (GA) bitt an Zesummenaarbecht mam Service National de la Jeunesse (SNJ) eng Formatioun fir Aide-Animateur an Animateur ze ginn un(Brevet B an C).
Hei fenns du e puer Informatiounen zur Formatioun an hoffen dir domat op deng Froen äntwerten ze kënnen an dir de Mond e bësse wässereg ze maachen.

D’Formatioun besteet an éischter Linn aus 2 Cyclen:

1. Cycle: Brevet Aide-Animateur (och nach Animateur B):

Fir den Aide-Animateursbrevet ze kréien, muss du d’ Formation de base  machen, eng 1. Formatiounswoch an 3 Formatiounsweekender vun denger Wiel maachen.
Et gëtt 2 Kategorie vu Weekender:

  • WE de base: Hei geet et ëm grondleeënd Techniken déi en Animateur kenne soll. Fir den 1. Cycle ofzeschléissen, muss du opmannst 2 Weekender aus dëser Kategorie gemaach hunn.
  • WE de spécialisation: Hei geet et ëm méi spezifesch Techniken, déi een op enger Kolonie asetze kann an awer och alt ëm méi theoretesch Sujeten, bei deenen iwwer wichteg Saachen diskutéiert gëtt.

Am Prinzip riichte sech déi 2 Kategorie vu Weekender eigentlech u jiddereen a sinn och ähnlech opgebaut. Bei verschiddene Weekender soll ee scho praktesch Erfahrung matbréngen, mee dëst ass awer dann och extra markéiert. Ofgesinn dovun, kanns du selwer auswiele wéi eng Weekender s du maache wëlls a mat wéi engems du ufänks. Sou ka jidderee sech déi Saachen aussichen, déi him am meeschten zousoen. Mir leeën dir natierlech och un d’Häerz sou vill wéi méiglech Weekender ze maachen, wells du dobäi einfach immens vill verschidde Saache kenneléiers an d’Weekender och immens vill Spaass maachen! Et ass also guer kee Probleem méi wéi 3 Weekender ze maachen (doriwwer eraus kanns du déi scho fir den 2. Cycle sammelen) a bei ëm déi 20 Weekender misst jo och genuch dobäi sinn…

Hues du dann déi 3 Weekender an d’1. Formatiounswoch gemaach, da feelt dir just nach eng praktesch Erfahrung, d.h. du gees einfach als Animateur op enger Kolonie oder z.B. bei Vakanzenaktivitéite bei enger Gemeng mat, an da kriss du vun der Famillieministesch de Brevet “Aide-animateur” ausgestallt.

2. Cycle: Brevet Animateur (och nach Animateur C):

Den Ënnerscheed tëscht dem Animateur an dem Aide-Animateur ass am fong haaptsächlech deen, datt den Animateur sech duerch wesentlech méi Erfahrung ausweist. Dëst ass dann och nieft dem ofgeschlossenen 1. Cycle d’Conditioun déi mir jidderengem un d’Häerz leeën iert en d’2. Formatiounswoch mécht: Erfahrung als Aide-Animateur op Kolonië sammelen.
Am Prinzip kucken d’Responsabel dann och ëmmer eng Equipe zesummenzestellen, wou souwuel Animateure wéi och Aide-Animateuren dobäi sinn an dës och ënnerteneen opgedeelt sinn, sou datt vunenee geléiert ka ginn. Wat d’Aarbecht op der Aktivitéit selwer ugeet, gëtt et awer keen Ënnerscheed a jiddereen ass virun de Kanner an och an der Equipe gläichgestallt.

Fir den Animateursbrevet ze kréien, muss du déi 2. Formatiounswoch an 3 Formatiounsweekender vun denger Wiel maachen.
Déi 2. Formatiounswoch gëtt an der Allerhellgevakanz vum SNJ ugebueden, gläich vill wäert ass awer och d’ “Formation transfrontalière” déi Ouschteren ass.
Wat d’Weekender ugeet ass et dir hei ganz fräigestallt wéi eng 3 zousätzlech Weekender zu dengem 1. Cycle s du méchs. D’Kategorie ass och egal. Och hei kann (a soll) een natierlech och méi Weekender maache wéi déi 3, déi als Minimum festgesat sinn. Och hei kriss du zum Schluss vun der Famillieministesch e Brevet ausgestallt. Den Animateursbrevet ze hunn ass dann och eng vun de Conditioune fir spéider eng Kéier Responsabel ze ginn.

An dono??? Gëtt et en 3. Cycle?

Et gëtt kee wierklechen 3. Cycle méi, mee et kann ee sech als Animateur weider spezialiséieren. Beim GA schwätze mir dobäi nach vum Animateur E an dem Animateur F.
Den Animateur E ass eng kleng Zousazformatioun mat där ee Responsabel ka ginn. Dës besteet aus engem prakteschen an engem theoreteschen Deel.
Den Animateur F ass och eng kleng Zousazformatioun mat där ee Formateur ka ginn. Och dës besteet aus engem prakteschen an engem theoreteschen Deel.
Béid Formatioune riichte sech awer u Leit mat vill Erfahrung an deem néidege Profil a ginn dësen dann och méi am Detail erkläert.

Et gëtt u sech keng richteg Conditioune fir un der Formatioun deelzehuelen. Et muss ee just 16 Joer hunn, fir d’Formatioun kënnen ze maachen. Dee Moment kann een dann och schon als Animateur mat op Kolonië goen. No uewe sinn eigentlech vum Alter hier keng Grenze gesat.

Gutt Viraussetzunge fir datt d’Formatioun dir richteg gutt gefält, wieren awer z.B. Interessi un der Aarbecht mat Kanner a Jonken, Oppe si fir nei Saachen, Freed um Spillen, Loscht op Aktivitéiten an der Natur, Begeeschterung fir selwer Saachen ze organiséieren an natierlech och d’Bereetschaft fir dech an d’Saach ze investéieren…

Fir de Rescht bleift nach ze soen, datt all d’Stagë mat Iwwernuechtung a Verpflegung sinn an een esou vum Ufank bis zum Schluss ganz dobäi soll sinn, an datt déi normal Regele vum Gruppeliewe gëllen.

Mir versichen natierlech de Präiss vun der Formatioun sou niddreg wéi méiglech ze halen, mee well awer all d’Stagë mat Iessen an Iwwernuechtung sinn, muss jiddereen eng Participatioun bezuelen.

Sou kascht eng Formatiounswoch 160 € an e Weekend 35 €, sou datt ee fir ee Cycle (1 Formatiounsswoch + 3 Weekender) 265 € rechne kann. Do ass dann awer vum Iessen, iwwer d’Iwwernuechtung bis hin zur Formatioun selwer alles dran.

Wanns du da spéider als Moniteur mat op Kolonië gees, da kriss du déi Suen och nees eran, wells du dee Moment eng Indemnitéit bezuelt kriss. Dës Indemnitéit gëtt vum SNJ bezuelt an ass och un d’Formatioun gekoppelt, sou datt ee mam Animateursbrevet méi kritt wéi mam Aide-Animateursbrevet. D’Indemnitéit ass esou dann och eng gutt Saach fir sech an der Vakanz eppes Klenges dobäi ze verdéngen; selbstverständlech bezils du als Moniteur och näischt fir un enger Kolonie deelzehuelen.
Et muss een allerdéngs soen, datt et sech hei ëm kee Vakanzenjob handelt, fir “einfach” a vill Suen ze verdéngen. Wann ee bedenkt, datt ee mat de Kanner géint 8 opsteet, dës géint 10 owes schlofe ginn an een dono nach virbereet a seele virun 12 Auer an d’Bett kënnt, dann dauert en “Aarbechtsdag” op enger Kolonie also an der Regel ongeféier 16 Stonnen -deelweis souguer nach méi laang – da gesäit een, datt vill méi dohannert stécht. Och am Viraus gëtt et genuch virzebereeden an en Dag op enger Kolonie ass net nëmmen duerch déi laang Zäit immens ustrengend. 
Et sollt ee sech also am Kloere sinn, datt een eng Kolonie net an éischter Linn wéinst de Sue mécht, mee vill méi wéinst der Freed un der Saach! Dëst ass dann och de Grond firwat et sech wierklech lount dobäi ze sinn a firwat esou vill Animateure scho sou laang dobäi sinn!

Fir kënnen als Moniteur un Aktivitéite vum GA deelzehuelen, muss du egal wéi eng Formatioun beim GA/SNJ oder enger anerer Organisatioun, déi eng unerkannte Formatioun ubitt (z.B. Scouten, Caritas, Croix-Rouge,…), matgemaach hunn. De Minimum deen ee muss gemaach hunn iert een op seng 1. Kolonie ka matgoen ass déi 1. Formatiounswoch, woumat een dann “Aide-technique” ass.
D’Campchefe vun deenen eenzelnen Aktivitéite wielen d’Moniteuren aus, déi si mat op hir Aktivitéit huelen. Dëst man si opgrond vun enger Lëscht op där d’Moniteuren, déi hir Formatioun beim GA/SNJ gemaach hunn, hir Kandidateur konnte maachen.
Du muss also egal wéi fir d’éischt eng Formatioun matmaachen ierts du bei ons als Animateur kanns matgoen.

D’Formatioun ass definitiv net mat Schoul ze vergläichen! Dat Ganzt soll an éischter Linn natierlech Spaass maachen an esou ass et och dofir opgebaut. 
Op all Stage passt definitiv de Motto “Learning by doing”. Léieren heescht dobäi net an de Bänke sëtzen an nolauschtren, mee meeschtens selwer aktiv sinn a Saachen ausprobéierenVilles fënnt dann och dobaussen an a Beweegung statt. Et ass also eng Formatioun bei därs du och selwer vill aktiv gëss a sou deng Erfahrunge sammele kanns an net einfach alles erzielt kriss. Natierlech gëtt et awer och Momenter wou iwwer eenzel wichteg Aspekter diskutéiert gëtt.

Net ze vergiessen ass awer och, datt d’Stagiaire selwer vill matgestalten an d’Formatioun esou nach méi flott maache kënnen. Et ass och ëmmer Fräizäit mat ageplangt déi jiddereen da selwer gestalte kann an déi domat dann och e weidere flotten Deel ausmécht.

Am Programm gesäis du de Programm vun deenen eenzelne Formatiounen. Virun allem d’Weekender dréie sech ëmmer ëm e konkret Thema.

Verschidden Aspekter fënnt een awer egal wéi op all Formatioun zeréck an zéie sech och wéi e roude Fuedem duerch d’1. Formatiounswoch:  Sécherheet a Verantwortung, wéi een Aktivitéiten dynamesch gestalt an d’Kanner begeeschtert kritt, wéi e Grupp Kanner funktionéiert, wat een iwwerhaapt alles mat Kanner maache kann (Spiller, Atelieren, Hiken, …), an nach vill méi. De geneeë Programm ass awer och ëmmer eng Saach, bei där ee sech e bësse soll iwwerrasche loossen!

D’grousst Ziel vun der Formatioun ass et op alle Fall dir sou vill wéi méiglech konkret Iddien a Motivatioun mat op de Wee ze ginn fir selwer flott Aktivitéite mat Kanner ze maachen an dech dobäi och sou gutt et geet virzebereeden, fir datt deng Aktivitéiten och sécher kënnen oflafen!

Op der Formatioun wäers du awer wahrscheinlech och nach vill aner Saache léieren an Erfahrunge sammelen, déi fir dech selwer wichteg sinn. Méi dozou ënnert dem nächste Punkt!

Et läit natierlech op der Hand, datt d’Formatioun dir erméiglecht mat als Animateur op Kolonien ze goen… Doriwwer eraus bréngt dir d’Formatioun awer och nach vill aneres:

  • Du léiers ënner anerem mol dech kennen, a vläit och vun enger Säit, déis du bis elo nach net vun dir kannt hues!
  • Grad wanns du intresséiert bass fir spéider eppes am sozialen a pädagogesche Beräich ze maachen, dann erméiglecht dir d’Formatioun e flotten Abléck doran a kann dir bei denger Entscheedung hëllefen, wats du spéider eng Kéier maache wëlls
  • Wanns du schon am gaang bass eppes an deem Beräich ze studéieren oder schon ze schaffen, dann ass d’Formatioun och eng super Saach fir nei Iddien ze kréien. En plus si sécherlech vill Saachen dobäi, déis du an dengem Studium net léiers.
  • Du kanns dech selwer immens an d’Formatioun an och spéider an d’Kolonien an de GA mat abréngen an deng eegen Iddien ëmsetzen.
  • Natierlech léiert een och vill nei Leit kennen, oft mat ähnlechen Iddien an Interessi.
  • De Brevet vum Aide-Animateur an och deem vum Animateur man natierlech och gutt an dengem CV an hunn definitiv eng gewësse Bedeitung.

Virun allem awer ass d’Formatioun eng immens perséinlech Erfahrung, déi dir sécher selwer an denger perséinlecher Entwécklung immens vill bréngt an zu gudder Lescht awer och mat immens vill Spaass verbonn ass!

Wéi scho beim Opbau vun der Formatioun geschriwwen, riicht sech déi 2. Formatiounswoch virun allem u Leit, déi schon Erfahrung als Aide-Animateur gesammelt hunn. Vill Inhalter vun der 2. Woch ginn nämlech vu genau där Erfahrung aus a bréngen dir och réicht wierklech eppes, wanns du schon e puer Kolonien als Moniteur matgemaach hues. Den Opbau vun dëser Woch ass och zimlech verschidde vun deem vun der 1. Woch a geet dovun aus, datt d’Participanten hei schon e gewëssent Gepäck matbréngen.

Dofir rode mir dir op alle Fall fir d’éischt emol op e puer Kolonië matzegoen an dann deng 2. Woch ze maachen.

De Campchef zeechent sech virun allem doduerch aus, datt e scho vill Erfahrung als Animateur gesammelt huet an doduerch den Iwwerbléck iwwer alles wat op der Aktivitéit leeft huet an se leede kann. De Campchef muss säin 2. Cycle ganz ofgeschloss hunn a soll och am beschten den zousätzleche Formatiounsweekend “Wéi organiséieren ech eng Kolonie”, deen och och zum Brevet “Animateur E” féiert, gemaach hunn. Natierlech spillt och den Alter hei eng Roll.

Normalerweis ass et sou, datt Campchefen déi mat enger Kolonie ophalen, dem SNJ an dem GA en neie Campchef virschloen, déi deen dann unhuele wann en hire Viraussetzungen entsprécht. Doduerch, datt et op all Aktivitéit 2 Campchefe gëtt, fänken nei Campchefe dann och an der Regel un der Säit vun engem erfahrene Campchef un, sou datt nei Campchefen optimal ugeléiert kënne ginn an d’Aktivitéit och gutt verlafe kann.

Bei de Formateure leeft et amfong ähnlech wéi bei de Campchefen, just datt hei d’Erfahrung vläit nach eng Grëtz méi zielt. Och d’Formateure mussen hiren 2. Cycle ofgeschloss hunn a sollen am beschten och schon als Campchef Erfahrung hunn. Zanter dësem Joer organiséiert den SNJ dann och eng Formation pour formateurs, déi an den nächste Jore wahrscheinlech ëmmer méi u Bedeitung wäert gewannen an och zum Brevet “Animateur F” féiert. Well déi meescht Formatioune sech ëm e ganz bestëmmtenen Inhalt dréien, muss e Formateur sech och ëmmer besonnesch gutt op deem Gebitt auskennen.

Zelwecht wéi beim Campchef, ginn nei Formateuren och ëmmer vun erfahrene Formateuren agefouert a virgeschlo an och hei schwätzen den SNJ an de GA e Wuert mat.

De Comité

Lena Divo
Lena DivoPresidentin
Katarina Kickert
Katarina KickertVize-Presidentin
Vize-Presidentin & 2. Sekretärin
Maksim Steffen
Maksim SteffenTresorier
Cyril Heinisch
Cyril HeinischSekretär
Sekretär & Online Site
Flo Schreiber
Flo SchreiberMember
Merch & Online Site
Emil Stoffel
Emil StoffelMember
Responsabel vum GA Material
Yoshi Wagner
Yoshi WagnerMember
Responsabel vum GA Material
Nassim Meziani
Nassim MezianiMember
Responsabel vun der Cämi & Intern Aktivitéiten
Cynthia Mentz
Cynthia MentzMember
Social Media & Merch
Laurent Leichtenberg
Laurent LeichtenbergMember
Social Media & Merch
Emilio Ricci
Emilio RicciMember
Intern Aktivitéiten

Memberskaart

Du géifs och gär Member beim Groupe Animateur ginn?
Da bass du hei genau richteg!

Fro dir deng Memberskaart un !

  • Du bass Moniteur op Aktivitéite vum Groupe Animateur ?

  • Du hues deng Formatioun bei eis gemaach oder bass am gaang se ze maachen ?

  • D’Memberskaart kascht 10,00 Euro

  • No denger Umelldung kriss du all Informatioune fir d’Iwwerweisung.

HUES VIRDEELER OP ONSE AKTIVITÉITEN
KANS ALS ANIMATEUR ODER FORMATEUR MATGOEN
BASS ZOUSÄTZLECH ASSURÉIERT
KRISS MATERIAL ZUR VERFÜGUNG GESTALLT
ËNNERSTËTZ VIRUN ALLEM DE GROUPE
DEN GA LIEFT JUST DUERCH SENG MEMBREN