Menu


De Groupe Animateur


Geschicht

De Groupe Animateur (GA) gouf 1983 vu verschiddenen deemolegen (an deelweis nach haitegen) Animateure gegrënnt a besteet domat zanter méi wei 30 Joer.
Säitdeem funktionéiert de Groupe Animateur als A.s.b.l. déi un d'Lëtzebuerger Jugendherberen (A.J.L. - Auberges de Jeunesse Luxembourgeoises) affiliéiert ass. Mir organiséieren an der Haaptsaach Kolonien, Weekender a Formatioune fir Kanner a Jugendlecher.


Aktivitéiten

Bei onsen Aktivitéite schaffe mir mam SNJ (Service National de la Jeunesse) an der A.J.L. zesummen. Un onsen Aktivitéite kann am Prinzip jiddereen deel huelen deen drun intresséiert ass.

Kolonien

De Groupe Animateur bitt praktësch an all Schoulvakanz Kolonië fir Kanner a Jugendlecher un. De gréissten Deel dovu fënnt natierlech am Summer statt. Klickt hei fir den aktuelle Programm a weider Detailer.

  • Hierschtkolonie (Allerhellgevakanz)
  • Wanterkolonie (Krëschtvakanz)
  • Fueskolonie (Fuesvakanz)
  • Ouschterkolonie 1 (1. Woch vun der Ouschtervakanz)
  • Ouschterkolonie 2 (2. Woch vun der Ouschtervakanz)
  • Päischtcamp (Päischtvakanz)
  • Adventure Camp (Juli)
  • Camp Ierpeldeng I (Juli)
  • Mam Yuri duerch de Weltall (Juli)
  • Zeltkolonie 1 (August)
  • Zeltkolonie 2 (August)
  • Spillvakanz (August)
  • Camp Ierpeldeng II (August)
  • 4 Nuechten am Zelt (August)
  • Erliewniskolonie (August)
  • Check-In (September)

Weekender

Tëscht an an de Vakanze bitt de Groupe Animateur eng Rei Weekender un. Dës dauere meeschtens 2 Deeg, zum Deel awer och 3 Deeg a fannen entweder wéi den Numm et seet op Weekender an der Schoulzäit oder während de Schoulvakanze statt. Klickt hei fir den aktuelle Programm a méi Detailer

  • Mat Vollgas entspaanen
  • Märechersweekend
  • Iergendwéi anescht
  • Survivalweekend
  • Wikinger Weekend
  • Mam Nimham bei d'Indianer
  • Vampiren- a Gespensterweekend
  • Grujelweekend
  • Wiichtelchersweekend

Formatiounen

An Zesummenaarbecht mam SNJ, bitt de Groupe Animateur eng ganz Rei Formatioune fir de Brevet vum Aide-Animateur oder vum Animateur un. Dozou gehéiere Weekender zu verschiddenen Themen an d'Formatiounswoch fir den 1. Cycle. Klickt hei fir den aktuelle Programm a méi Detailer

  • Formatiounsweekender: Integratiounsweekend, Bastel-Gekniwwels, Grouss Spiller an Aktivitéiten an der Staat an am Bësch, Kachen a Brachen, Hike, New Games, E Weekend an der Natur, Kaart a Kompass, Plang B, Konstruktiouns- a Bastelstage, Spill a Spaass fir déi Kleng, Theater op der Kolonie, De Roude Fuedem, Zirkus op der Kolonie, Alles kee Problem, Wéi organiséieren ech eng Kolonie?
  • Formatiounswoch 1. Cycle: Ouschtren, Päischten an Allerhellgen (ëmmer an der Schoulvakanz)

 

Freelance

Nieft dësen Aktivitéite bitt de Groupe Animateur och nach de sougenannte Service Freelance un. Dobäi kënnt Dir ons Animateure fir Är privat Kannerfester (wéi z.B. Kannergebuertsdeeg), Spillfester oder aner Animatiounen, wéi z.B. Schminken engagéieren. Duerch dës Freelance Joben, kënne sech ons jonk Animateuren e klengt Täschegeld verdéngen. Fir méi Informatiounen zum Freelance, klickt w.e.g hei.

Wann Dir nach Froen zum Groupe Animateur oder zu enger vun onsen Aktivitéiten hutt, dann zéckt net ons ze kontaktéiren.