Gëlle Buch
An onsem Gëlle Buch kënnt Dir Kommentarer vun anere Besicher vun onser Säit iwwer de Groupe Animateur an ons Aktivitéite liesen.
Mir freeën ons natierlech iwwer all Kommentarer a wiere frou, wann dir ons och eng Noriicht hannerloosse géift! Merci!
Schreift eppes an onst Gëlle Buch
Kommentarer
Erliefniskolonie - eischten Owend zu Erliefniskolonie
Agedro den 16.08.2017 vum Olinger
Hallo, ech wönschen iech alleguer eng super Zeit, vill Spass all zesummen an leif Gréiss un de Yann Olinger. Fabienne OLINGER
Meeegggaaa 👏👏 zu Groupe Animateur
Agedro den 31.07.2016 vum Junker Vindy
Hallo, aist Céline war lo firt 2te Keier am Camp Ierpel1 an hat ass begeeeeeesssssccchhhtert!!!!
Knaps do fir hat mat zehuelen seet et "Mama hues du mech ewel firtnächst Joer ugemet????"
Mengen daat seet alles!! Hat ass esou begeeschtert! Mais et huet och gesoot et keint een mei oft zesummen eppes kachen. Merci un den ganzen Groupe Annimateur, dei Kanner immens enkadreieren, an einfach weider esou. LG Junker Cindy an Céline
Waow...en decke Luew zu Groupe Animateur
Agedro den 30.07.2015 vum Annick
Hallo
mai Pit war mam Yuri an de Weltall an ass sou begeeschtert heemkomm; am Auto huet en eis (baal alles) vum Yuri, vum Yura a vum geckege Frunnes gezielt...
Decke MERCI un all di Moniteuren dei sech sou engagéiert agesaat hun dass et eise Kanner gefällt.
(zumools d'Julie huet eisem Pit et apart ugedoe')
Dem Pit Wickler seng Mamm
Formationsweekend Plang B zu Groupe Animateur
Agedro den 26.04.2015 vum Claudia Faber
Den Formationsweeknd Plang B ass mega interessant ech geif deen jiddwerengem empfehlen ze machen well en as da wert:) an en groussen Merci un Animateuren dei eis den Weekend interessant eriwer bruecht hun. Nodeems een den Plang B gemach huet wees een duerno wann eppes ant Wasser fällt wei een d'Zeit iwerbrecken kann dat den Dag awer nach cool ass:)
Super Formateuren!!! zu Groupe Animateur
Agedro den 11.12.2014 vum Bremer Nathalie
Ech wollt Iech alleguer vum Groupe Animateur an vun der SNJ luewen! Daer sidd einfach super leiw. Mein Meedchen ass all keiers begeeschtert!! Villmools villmools merci! Maacht weider esou, daer sidd immens!! :-)))
Genialen Weekend zu Konstruktiouns- a Bastelstage
Agedro den 21.09.2014 vum Köller Pitt
Richteg Genialen Weekend!! :)
Ass der waert ze maan an ech kann en nemmen recommandéieren.
Ech hunn wirklech vill iwwert Knied an Konstruktionen geleiert. Lo wees ech endlech wei een eng AffeBréck baut. Ausserdeem hunn ech eng dozen nei Bastelatelier Ideen dei ech kann benotzen.
Gei roueg mat, et ass seng Zeit waert ;)
P.S. Haat schon lang keng mei esou witzeg Jungle Speed Ronn wei um Weekend ;)
Iepel1 bescht kolonie ever zu Camp Ierpeldeng I
Agedro den 19.01.2014 vum Kate bremer
Ech fannen den iepel ass dei geilste kolonie an dei ech je waar freen mech schon op den iepel 2014:)
Konstrucktions an bastelstage 2013 zu Konstruktiouns- a Bastelstage
Agedro den 03.11.2013 vum sheila
wuar en coolen weekend huet en viel beigeleiert oder awer och rem obgefrescht wei zb verschiedden knidd gin
Formationswoch zu Formatiounswoch 1. Cycle
Agedro den 03.11.2013 vum sheila
Wuar eng mega Woch hun ech fonnt. Mer hun viel gewiessen kritt an wuar awer och eng super Equipe vun Leit dei do waren. Soen den Formateuren en groussen MERCI fir dei Flott Woch.
Formatioun 1er cycle zu Formatiounswoch 1. Cycle
Agedro den 02.11.2013 vum Stefan
also war eng top woch mat mega ambiance an viel ennerschiedlech alteren an hun et awer gud iwerstannen an och eis grouss aufgab gud gemeeschtert
Ahoi Piraten! zu Calico Jack
Agedro den 24.05.2013 vum Calico Jack
Ahoi Piraten!!!
Ech freeë mech iech elo gläich erëm an Tortuga begréissen ze dierfen.
Et waarden erëm vill Abenteuer ob eis, déi mer zesumme bestreide mussen.
Dofir wetzt är Messer, setzt är Aaklapp op an héisst de Fändel wann et elo gläich erëm heescht: CALICO JACK !!!!!
ze rekommondeieren:) zu Kaart a Kompass
Agedro den 26.04.2013 vum Jenny
Also den Kaart a Kompass ass e Weekend wou een wieklech eppes léieren kann, an et ass en saucoolen weekend! Sollt wieklech jidereen gema hun, ass awer och bessen unstrengend ;-)
WANTERKOLONIE HUELMES zu Groupe Animateur
Agedro den 05.01.2013 vum Pascale Wampach
En decken Luew un all Moniteuren, Monitricen an Responsabel, dir hat erem alles super organiséiert. D'Lori war begeeschtert vun der cooler Kolonie, hat freet sech schon erem fir an Spillvakanz do hat et him och esou gud gefall.
Camp Check-In zu Check-In
Agedro den 15.09.2012 vum di ronco dinis david
dat war bis lo dei gailsden kolonie dei ech hat merci un moniteuren den jak´;d´ann;den jos ;linda;den max;den luc an natirlech den schtreck deg schung den brandon den ma coll brek dance moves gewisen huet
dir sid einfach dei bescht an kommmen op alle fall an den camp check-in 2013
allso bis nÄcht joer freen mech schon aeren david:)
et wuer deck cool zu Fueskolonie
Agedro den 09.06.2012 vum lea klein
ech vermessen puer leit vun der colonie an am mechten dei aus der group 2 jessica natascha pj sven mandy ben cirill
Merci zu Calico Jack
Agedro den 31.05.2012 vum Calico Jack
Ahoi!!!
Ech wëll alleguer de Piraten, deene groussen an deene klenge Merci soen dass se dräi Deeg bei mech op Tortuga komm sinn.
Ech freeë mech schonn ob d'nächst Joer wann et erëm spannend Abenteuer ze erliewe ginn.
Calico Jack
Geile Meile zu Hierschtkolonie
Agedro den 13.12.2011 vum Schneider Kevin
Respect und Responsable ;) den Hike war den Opwand wierklech wert, hoffen mer, dass next Joer selwecht gett, well vill besser geet et jo wierklech ned eng colonie mat esou vill Action daat gleews de ned.
Mei Keiss zu Konstruktiouns- a Bastelstage
Agedro den 02.10.2011 vum Schneider Kevin
War een coolen Weekend mat coolen Formateuren ; ) Vill nei Saachen geleiert vierun allem bei den Knierd fierd Aafenbreck. Oowes dung mam Vorbrink Konstruktion mat Klaameren nogebaut am L. Braun sengem Atelier.
Respekt un den Kach vun den Nudelen an der Sauce.
Motto vum Weekend war aawer ganz kloar:
MEI KEISS, einfach nemmen MEI KEISS ;)
Formatiounswoch zu Formatiounswoch 1. Cycle
Agedro den 07.11.2009 vum Frank Thill
Ola G-A
Wëll dem Célia , Manou an dem Lex en Groussen Merci soen fier dei Wahnsinech an Impressionant Formatiouns-woch vum 1/11-7/11/2009 zu Lëltz ! Dir sidd eng mega kompétent Equipe ! En ganz groussen Respect !!! Dei Formatioun/en an den G-A sas/sin all Jugendlechem an och Erwuessenem wärmstens ze Empfehlen !
Frank "den Decken Wickinger ;-)" Cu @ Echternach beim Cirkus
Site zu Groupe Animateur
Agedro den 02.03.2009 vum Viv
Als aalen Groupe animateur member fannen ech ett flott dass "maer" esou ee flotte Site hun. Informativ, lieweg an um neisten Stand. Maacht weider esou!
Site zu Groupe Animateur
Agedro den 22.01.2009 vum Isaaa
Wonnerbar äere Site, sou stellt een sech dat vir: iwersichtlech an informativ! Gleckwonsch
25 Joer Groupe Animateur zu Groupe Animateur
Agedro den 10.09.2008 vum Georges Metz
Dem Groupe Animateur alles Guddes fir seng 25 Joer: wann et en nët géiw gin, misst een en erfannen ! Merci fir ärt Engagement. Ech hoffen mir kënne weider flott zesumme schaffen. Georges Metz Direkter Service National de la Jeunesse

