Menu


Archiv

 

 

08.08.2017

 
Een Summer voller Spaass zu Ierpeldeng!!!
 
 
Och dëse Summer ass zu Ierpeldeng eng mei lass! De Camp Ierpel 2 ass erëm do an mat him 90 Jonker am Alter teschend 13 a 16 Joer. Zesummen erliewe mir eng Zäit voller Erliefnisser a gefëllt mat Action. Eis grouss Spiller ouni Grenze sinn traditionell ee vun den Highlighten a bei dëse gëtt wierklech keng Käschten a Mei gescheit fir dësen Dag besonnesch ze maachen.
 
Am Moment sinn d´Gruppen um Hike. An déi meescht vun hinne maache mat, bei der grousse Challenge: 3-Deeg-keen-Handy!!! Dat ass fir déi Jonk net esou einfach an awer sinn 61 vun 90 Kanner ouni hiren alldeegleche Begleeder elo 3 Deeg ënnerwee.
 
Mir si gespaant wei des Zäit fir si war a wat si eis alles ziele wann sie erëm sinn!
 
 
Beim spektakulären Parcours um SOG Dag
 
Beim Counterstrike 
 
 
Gewënner vun der grousser Final!


25.05.2017

Mir waren frou, dass mir haut konnten um COSL Spillfest zesummen mat iech een schéinen sonnegen Dag verbréngen.

 

Verschidden Sportaarten an Spiller konnten ausprobéiert ginn an deen een oder aneren huet déi éischten Kéier vum Groupe Animateur gehéiert.

 

Mir hoffen iech all op eisen zukünftegen Kolonien kennen ze begréissen.

 



25.04.2017

 

D´Ouschtervakanz an eis 2 Kolonie zu Huelmes sinn zu Enn gaangen. 2 schéi Woche mat vill Spaass, Spiller an neien Erfahrungen zesumme maache Loscht op de Paischtcamp an all eis Aktivitéiten am Summer. Nach si Platze fräi also maacht iech bei a sidd een Deel vun enger Summerkolonie 2017 bei dem Groupe Animateur.

 



01.01.2017

Mir vum Groupe Animateur an all d´Kanner vun der Wanterkolonie wënschen iech an ären Famillen een schéint neit Joer 2017.

 

Mir hoffen, dass dir och 2017 erëm bei eis op Besuch kommt an mir vill nei Abenteuer kennen zesummen erliewen.

 

 



08.12.2016

 

De Groupe-Animateur wënscht all de Kanner, Jonken, Animateuren, Responsabel, Formateuren an hire Famillen eng schéi Chrëschtzäit.

 

Mir hoffen iech erëm op de Kolonien a Formatiounen erëm ze gesinn. 

 

An der nächster Zäit ginn och d´Umeldunge fir all Campen a Kolonie fir 2017 op. 

 

 



29.09.2016

De Summer 2016 ass elo eriwwer.

 

Vu Juli bis September konnten mir ongeféier 450 Kanner op eisen verschidden Kolonien animéieren an zesumme bréngen. Natur, Kollegen, Spill a Spaass awer och chillen an kreativ sinn Sport an villes méi,...

 

Mir hoffen si an natierlech och eis Animateuren haten eng schéin an erliewnisraich Zäit an kommen nächst Joer zeréck.

 

Hei e puer Andréck vum Summer. 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 



11.08.2016

 

 

De Groupe Animateur huet dëst Joer ugefaangen, seng Dieren och fir Kanner a Jugendlecher aus Famille mat Fluchterfahrung op ze maachen. Mir wollten hinnen d´Méiglechkeet bidden, dass si bei eis matmaache kenne fir an de Vakanzen Ofwiesselung vum Alldaach am Foyer ze hunn an sech mat anere Kanner/ Jugendlechen auszetauschen. Heifir hunn mir zesumme mam SNJ an dem OLAI gekuckt fir dat kennen ze erméiglechen. Dëst Joer hunn mir dowéinst op eise Camps a Kolonien ëmmer erëm Platze fir Kanner/Jonker mat Fluchterfahrung reservéiert. Mir freeën eis, dass den Interessi do ass an déi eiche Kolonie si méi ewéi erfollegräich ofgelaf.

 

Eis Zieler sinn:

 

- Forderung vum géigesäitege Verständnis


- Forderung vun der Sprooch


- Kulturellen Austausch


- Ofbau vu Viruerteeler


- Opbau vu Frëndschaften


- D´Méiglechkeet zesumme vill ze erliewen an Spaass ze hunn.

 

Hei nach de Reportage vum RTL deen si um Camp Ierpeldeng 2 gemaach hunn.

 

 



04.08.2016

Wei all Joer ass zu Ierpeldeng am Schlasspark eng méi lass am Summer. 

 

De Groupe-Animateur ass do an insgesamt 240 wäerten am Verlaf vum Summer bei eis zu Ierpeldeng op de Kolonien Ierpeldeng 1, 2 an 3 passéieren an eng flott Zäit verbréngen. 

 

Mir gréissen all Elteren, Kanner an Ex-Kanner vun den Ierpel Camps! Hei e puer Andréck

 

Alles Guddes vum Camp Ierpeldeng 2!

Konstruktion iwert der Sauer

 

 

 



02.08.2016

Obwuel de Reen dëse Summer zimlech oft um Rendez-vous ass lafen eis Aktivitéiten alleguer gutt an Kanner amuséieren sech. Wann da Méi genau wëllt wëssen wat op eisen Aktivitéite lass ass da kuckt einfach an eisem BLOG do fannt all Aktivitéiten déi am Summer zesummen mat eis lafen.


03.01.2016

Vill Gléck am neien Joer vun der Wantercolonie,

Mir sinn frou, dass d´Kolonie esou gudd gelaf ass an d´Kanner ganz zefridden waren. Hei am Link kennt dir iech duerch den Reportage selwer een Bild maachen.

 

 

RTL Reportage Wanterkolonie


24.12.2015

De Groupe Animateur wënscht Iech an ären Familljen schéi Feierdeeg an e gudde Rutsch an Néit Joer


21.12.2015

Ab elo kann een sech fir d'Aktivitéiten vun 2016 déi den SNJ zesummen mam Groupe Animateur organiséiert umellen. Wéider Infos an all Datumer fannt da an eisem Kalenner


15.12.2015

Vum 15. bis den 17. Januar 2016 fannt dir de Groupe Animateur wéi gewinnt mat engem flotte Stand an der Hal 7 op der Foire Vakanz vun der Luxexpo um Kierchbierg. Hei kritt dir nieft där neier Broschür fir 2016 vum SNJ och vill Animatioun gebueden a kënnt eis Animateure kenneléieren.


31.03.2015

Wéi all Joer sinn och 2015 déi ganz Summervakanz iwwer Campen an Kolonien vum SNJ zesummen mam Groupe Animteur organiséiert. Fir Kanner a Jugendlecher vun 4 bis 17 Joer ass fir jidereen eppes dabäi. An op villen sinn och nach e puer Plazen fräi. Kuckt iech se un an eisem Kalenner a mellt iech schnell un fir dat dir dëse Summer richteg Spass kennt hunn an zesummen mat aeren Kollegen eppes erliewen kennt.

Bis hoffentlech am Summer



20.12.2014

Vun haut u fannt dir de ganze Programm vum Groupe Animateur fir 2015 an onsem Kalenner. Net manner wéi 17 Kolonien, 9 Weekender, 17 Formatiounsweekender an 3 Formatiounswoche si fir d'nächst Joer geplangt.
Luusst einfach an onse Kalenner, fannt de ganze Programm a mellt Iech fir ons Aktivitéiten un!


19.12.2014

De Groupe Animateur wënscht Iech alleguer schéi Feierdeeg an e gudde Rutsch an hofft och 2015 nees vill Kanner a Jugendlecher op sengen Aktivitéite begréissen ze kënnen!


22.09.2014

De Programm vun de Formatiounen déi de Groupe Animateur zesumme mam SNJ ubitt ass elo bis Juli 2015 online.

Dir fannt en an der Rubrik "Formatioun" a kënnt Iech och do umellen.



18.07.2014

De Groupe Animateur wënscht Iech all eng schéi Summervakanz an alle Kanner a Jugendlechen déi dëst Joer op onse Campen a Kolonien dobäi si vill Spaass!!!

Kuckt och an onse Blog fir mat dee leschten Andréck vun onsen Aktivitéite versuergt ze ginn!



27.05.2014

Donneschdes, den 29. Mee ass de Groupe Animateur nees um COSL Spillfest op der Kockelscheier mat engem flotte Stand mat Spill a Spaass fir Grouss a Kleng!


03.03.2014

An der Ouschtervakanz sinn nees d'Ouschterkolonien zu Huelmes am Schlass. D'Ouschterkolonie I fir Kanner vun 10-14 déi 1. Woch, an d'Ouschterkolonie II fir Kanner vu 7-10 Joer déi 2. Woch.


14.01.2014

Vum 17. bis den 19. Januar 2014 fannt dir de Groupe Animateur wéi gewinnt mat engem flotte Stand an der Hal 7C13 op der Foire Vakanz vun der Luxexpo um Kierchbierg. Hei kritt dir nieft där neier Broschür fir 2014 vum SNJ och vill Animatioun gebueden a kënnt eis Animateure kenneléieren.


14.01.2014

No onser Generalversammlung am Dezember an den éischte Versammlunge vun den Aarbechtsgruppen, huet de Groupe Animateur en neie Comité fir d'Aktivitéitsjoer 2013-2014.


24.12.2013

De Groupe Animateur wënscht schéi Feierdeeg a freet sech schon och 2014 nees ville Kanner a Jugendlécher op sengen Aktivitéiten eng flott Zäit bidden ze kënnen!


08.12.2013

An der 2. Woch vun der Krëschtvakanz ass rëm d'Wanterkolonie zu Huelmes am Schlass wou aktuell nach puer Plaze fräi sinn fir Kanner vu 7-11 Joer!

Ween d'Joer relax ufänke wëll an tëscht 10 a 14 Joer al ass, dee soll sech fir de Wellnessweekend am Januar umellen.



06.10.2013

Vun elo un ass de ganze Programm vun onse Formatioune bis déi nächst Summervakanz online. 2014 gëtt et dann och mam "Plang B" en neie Formatiounsweekend.

Kuckt an onsem Formatiounsprogramm fir all weider Infoen an Iech unzemellen.



06.10.2013

Den 29. September 2013 huet de Groupe Animateur seng 30 Joer zu Beefort an der neier Jugendherberg mat villen ehemolegen an aktuellen Animateure gefeiert.
An onsem Fotoalbum fannt dir eng Rei Andréck vun dëser Feier!


17.07.2013

De Groupe Animateur wënscht alle Kanner a Jugendleche vill Spaass op onse Campen a Kolonien! Besicht och onse Blog fir regelméisseg mat Andréck vun onsen Aktivitéite versuergt ze ginn.



07.04.2013

Nodeems d'Ouschterkolonië gutt verlaf sinn, geet et mat grousse Schrëtt op d'Grouss Vakanz duer. Wann Dir nach op der Sich no engem flotte Camp oder Kolonie fir de Summer sidd, da kuckt an onse Kalenner eran. Nach sinn nämlech op bal allen Aktivitéite Plaze fräi.


03.04.2013

Momentan leeft d'Ouschterkolonie II zu Huelmes am Schlass. Wann dir wësse wëllt wat alles sou op der Kolonie leeft, da luusst an de Blog eran wou d'Responsabel vun der Kolonie Iech all Dag (sou wäit et zäitlech méiglech ass) e klengen a flotten Abléck an d'Kolonie erméiglechen!


17.01.2013

Besicht ons vum 18. bis den 20. Januar 2013 um Stand 7C13 an der Luxexpo um Kierchbierg. Hei kritt Dir all Informatiounen zu onsen Aktivitéiten a kënnt un onsen Animatiounen op der Plaz deelhuelen.


24.12.2012

De Groupe Animateur wënscht Iech all schéi Feierdeeg an all Guddes fir 2013 a freet sech schon och am neie Joer nees vill Aktivitéite fir Kanner a Jugendlecher ubidden ze kënnen!


13.12.2012

D'Datumer vun onsen Aktivitéite fir 2013 fannt Dir vun elo un an onsem Kalenner. Eng Umellung ass awer nach net méiglech fir all Aktivitéiten no Januar 2013. Dës gëtt vum SNJ fräigeschalt, soubal d'Borschür mam Joresprogramm erauskënnt, d.h. normalerweis an den nächsten 1-2 Wochen.


24.11.2012

De Programm vun de Formatiounen fir 2013 ass elo online! Umelle kann ee sech allerdéngs réicht soubal déi nei Broschür mam ganze Programm vum SNJ Enn des Joers erauskënnt. Aktuell kann ee sech awer scho fir all d'Aktivitéite bis Januar 2013 umellen.


24.11.2012

Vun haut un ass de Blog vum Groupe Animateur online. Do kënnt Dir während den Aktivitéite vun Zäit zu Zäit noliesen a kucken, wat Är Kanner dee Moment erliewen.


04.11.2012

De Wiichtelchersweekend, de 24. a 25. November ass net wéi ufanks ugekënnegt zu Buerglënster, mee en ass elo zu Beefort an der Jugendherberg.


15.09.2012

D'Fouer ass ofgebaut, de Summer sou lues eriwwer, an domat och de Koloniësummer 2012! Mir soen all deene ville Kanner a Jugendlecher déi dëst Joer nees dobäi ware villmools Merci a freeën ons schon op den nächste Summer! Mir freeën ons natierlech och weiderhin iwwer Är Kommentarer am Gëlle Buch!
Bis dohi bitt de Groupe Animateur natierlech och nach an deenen anere Schoulvakanze a weekends vill flott Kolonien a Formatioune fir (bal) all Alter un. E Bléck an onse Kalenner lount sech.

An a puer Wochen ass dann och schon d'Hierschtkolonie fir Kanner vun 9-14 Joer zu Lëlz. Nach si Plaze fräi, also mellt Iech sou séier wéi méiglech un!



30.07.2012

Mir wënschen alle Kanner a Jugendlechen déi dëse Summer op onse Kolonien dobäi si vill Spaass!
Natierlech freeë mir ons iwwer all Réckmeldung an onsem Gëlle Buch an all Kommentar am Kalenner.



15.05.2012

De Groupe Animateur mécht bei den ING Solidarity Awards mat. Wann Dir ons wëllt ënnerstëtzen, da wiere mir ganz frou, wann Dir ënnert dësem Link eng Kéier fir ons ofstëmme kéint! Villmools Merci am Viraus.


09.05.2012

Besicht de Stand vum Groupe Animateur um COSL Spillfest, Donneschdes, de 17. Mee op der Kockelscheier. Nieft Spill a Spaass fir d'ganz Famill, kritt Dir op onsem Stand natierlech och all Infoen zu onse Kolonien direkt vun den Animateure selwer. Laanscht komme lount sech also!


23.04.2012

Ween nach no enger flotter Kolonie fir d'grouss Vakanz sicht, dee fënnt bei ons am Kalenner bestëmmt eppes wat em gefält. Net manner wéi 10 Campen a Kolonië bitt de Groupe Animateur dëse Summer zesumme mam SNJ un a momentan sinn och nach Plazen op deene meeschte Kolonie fräi.



21.03.2012

Vum 9. bis de 14. Abrëll ass zu Huelmes am Schlass d'Ouschterkolonie II fir 40 Kanner vu 7-10 Joer. Nach sinn e puer Plaze fräi, mellt Iech also séier un, wann dir wëllt dobäi sinn!


26.01.2012

5 flott an ofwiesslungsräich Deeg kënnen och an dëser Fuesvakanz nees 30 Kanner vun 8-12 Joer zu Beefort an der Jugendherberg verbréngen.
Wou? Ma op der Fueskolonie, fir déi dir iech hei umelle kënnt!



15.01.2012

Och dëst Joer huet de Groupe Animateur nees e Stand op der Vakanzefoire op der Luxexpo. Dir fannt ons domat vum 20. bis den 22. Januar um Stand 7C13, wou Iech nieft där neier Broschür mam Programm 2012 vum SNJ och nach vill Animatioun fir Grouss a Kleng erwaarden!


02.01.2012

Mam Erschénge vun der Joresbroschür vum SNJ, ass och elo de ganze Programm vun de Kolonien, Weekender a Formatioune fir 2012 am Kalenner op onser Säit ze fannen. Dir kënnt Iech also och vun elo un dofir umellen.


24.11.2011

Mam Weekend "Wellness a Kache fir Kanner", fënnt de 7. an den 8. Januar en neie Weekend fir Kanner vun 9-12 Joer zu Huelmes am Schlass statt. Méi Infoen zu dësem Weekend an zur Umellung fannt dir am Kalenner.


04.10.2011

Mir soe jidderengem e grousse Merci, dee fir onse Projet beim Clubwon Concours ofgestëmmt huet! Leider ass et net duergaang fir ze gewannen, mee trotzdem e Merci fir all Stëmm!


01.10.2011

D'Datumer vun de Formatioune bis déi nächst Summervakanz fannt Dir vun elo un an der Rubrik Formatioun.

Fir all d'Formatiounen, déi nach 2011 lafen, kënnt Dir iech elo schon umellen, fir all déi aner normalerweis vun Dezember un.



30.08.2011

Endlech ass déi nei Internetsäit vum Groupe Animateur online! Nieft dem neie Look vun der Säit, fannt Dir awer och eng Rei nei Funktiounen:
  • De Kalenner gouf staark verbessert an dierft elo nach méi iwwersiichtlech sinn. Donieft fannt Dir elo bei all Site wou ons Aktivitéite stattfannen all néideg Infoen zum Site selwer an och eng detailléiert Kaart mat Weebeschreiwung.
  • De Fotoalbum gouf komplett erneiert an och nees aktualiséiert.
  • Et ass elo méiglech zu all Aktivitéit e Kommentar ze schreiwen an och d'Gëlle Buch ass nees zréck.
  • All d'Informatioune goufen iwwerschafft an et gëtt eng nei Rubrik iwwer d'Formatioun.
Dat ass natierlech elo just e klengen Iwwerbléck an an den nächsten Deeg a Woche wäerten nach weider Neierungen dobäi kommen. Mir hoffen déi nei Säit gefält Iech op alle Fall a géifen ons natierlech iwwer Feedback freeën. Mir wieren och frou, wann dir ons kéint Bescheed soen, wann Iech en technesche Fehler opfält. Merci.


05.07.2011

De Summer ass do an d'Vakanz steet virun der Dier! Ween nach op der Sich no enger flotter Kolonie ass, deem kann hei gehollef ginn! Hei eng Lëscht mat deenen Kolonien, wou momentan nach Plaze fräi sinn. An der Rubrik "Camps a Kolonien" fannt Dir de ganze Summerprogramm. Fir Aktivitéiten, déi scho voll sinn, kënnt Dir Iech weiderhin umellen, kommt awer dee Moment op eng Waardelëscht.

19. - 29.7. Camp Ierpeldeng I Ierpeldeng 9-12 Joer
3.8. - 12.8. Spillvakanz Beefort 7-10 Joer
17.8. - 24.8. Zeltkolonie fir eis all II Colmar-Bierg 7-10 Joer
27.8. - 30.8. Mam Yuri duerch de Weltall Ierpeldeng 4-7 Joer


23.12.2010

Vun haut un ass de ganze Programm vun de Kolonien, Weekender a Formatioune vum Groupe Animateur fir 2011 online. 15 Kolonien, 7 Weekender an 21 Formatioune waarden also vun elo un op Är Umellungen. Klickt einfach op déi jeweileg Rubrik fir all Detailer.


23.12.2010

Mat der Fueskolonie, déi no engem Joer Paus nees zréck ass an der Zirkuskolonie stinn 2011 zwou nei Kolonien um Programm. Den Hallowee(n)kend gëtt et dann och d'nächst Joer direkt 2 mol, eng Kéier fir déi 8-12 jähreg ënnert dem Numm "Vampiren a Gespensterweekend", an eng Kéier fir déi 11-14 jähreg ënnert dem Thema "Grujel zu Huelmes". Zu gudder Lescht bidde mir d'nächst Joer dann och eng nei Formatioun fir zukünfteg Responsabel vu Kolonien un ("Wéi organiséieren ech eng Kolonie") an um neie Formatiounsweekend "De roude Fuedem" dréit sech alles ëm Geschichten am Kader vun eisen Aktivitéiten.


23.12.2010

De Groupe Animateur wënscht Iech schéi Feierdeeg an all Guddes fir 2011!



02.10.2010

D'Datumer vun de Formatioune bis nächste Summer fannt Dir vun elo un an der Rubrik Formatioun.
Fir d'Formatiounen bis Dezember 2010 kënnt Dir Iech elo schonn umellen, fir all déi Formatiounen, déi 2011 lafen, geet dat réischt am Dezember.
Vun 2011 un, sinn d'Formatiounsweekender dann och an nei Kategorien agedeelt: D'Ënnerdeelung an A,B an C Weekender fält ewech a gëtt duerch "WE de base" a "WE de spécialisatioun" ersat. Um Grondprinzip, datt ee pro Cycle 3 Weekender an 1 Formatiounswoch brauch, wäert sech awer näischt änneren. Méi Detailer zu der neier Ënnerdeelung komme geschwënn no.


31.08.2010

De Summer ass, op d'mannst wat d'Campen an d'Kolonië vum Groupe Animateur ugeet, eriwwer an et hu ronn 450 Kanner a Jugendlecher vun onsen Aktivitéiten an der grousser Vakanz profitéiert!

Awer och iwwer de Rescht vum Joer bitt de Groupe Animateur flott Aktivitéite fir Kanner a Jugendlecher un. Sou stinn dëst Joer mat der Hierschtkolonie fir Kanner vun 9-14 Joer a mat der Wanterkolonie fir Kanner vu 7-11 Joer nach 2 Kolonien an den nächste Vakanzen um Programm. Et fannen och nach 2 Weekender fir Kanner statt.
Am Beräich Formatioun ginn dann nach eng Rei ofwiesslungsräich Weekender an eng Formatiounswoch bis zum Joreswiessel ugebueden.

Enn des Joers kënnt da wéi gewinnt de Programm fir 2011 eraus.


22.05.2010

Fir d'Summervakanz sinn nach e puer Plaze fräi op onse Kolonien. Hei fannt Dir eng Lëscht mat deene Kolonien, wou aktuell nach Plaze fräi sinn. An der Rubrik "Camps a Kolonien" fannt Dir de ganze Summerprogramm. Fir Aktivitéiten, déi scho voll sinn, kënnt Dir Iech weiderhin umellen, kommt awer dee Moment op eng Waardelëscht.
19. - 29.7. Camp Ierpeldeng I Ierpeldeng 9-12 Joer
3.8. - 12.8. Spillvakanz Beefort 7-10 Joer
4.8. - 11.8. Zeltkolonie fir eis all I Colmar-Bierg 11-14 Joer
17.8. - 24.8. Zeltkolonie fir eis all II Colmar-Bierg 7-10 Joer
27.8. - 30.8. Mam Juri duerch de Weltall Ierpeldeng 4-7 Joer


03.05.2010

En Donneschden, de 13. Mee ass d'COSL Spillfest op der Kockelscheier, wou de Groupe Animateur wéi all Joer mat engem grousse Stand vertruet ass, wou Iech vill Spiller an Informatiounen iwwert ons Aktivitéiten erwaarden.


14.04.2010

D'Säit vum Groupe Animateur gouf op en neie Server gewiesselt, dee méi séier a méi zouverlässeg ass.


12.01.2010

Och dëst Joer fannt dir de Groupe Animateur nees op der Luxexpo um Kierchbierg während der Foire "Vakanz" vum 15. bis de 17. Januar 2010. Mir sinn um Stand 7C75 ze fannen, wou nieft villen Informatiounen iwwer ons Aktivitéiten, och Animatioun vun eis ugebuede gëtt. Dëst am Kader vum "Abenteuer Bësch", enger grousser Fläch speziell fir Kanner op där de Groupe Animateur 3 grouss Animatiounen ubitt. Besicht ons also och op der Luxexpo!


24.12.2009

Mir freeën ons Iech kënne matzedeelen, datt de Programm mat allen Kolonien, Weekender a Formatioune fir d'Joer 2010 elo online ass! Dir fannt en an de jeweilege Rubriken an dir kënnt Iech och elo scho fir all dës Aktivitéiten umellen.


23.12.2009

De Groupe Animateur wënscht Iech schéi Feierdeeg an all Guddes fir 2010!


01.10.2009

Vun haut u fannt Dir an der Rubrik Formatioun all d'Datumer vun de Formatiounsweekender a -woche fir dat nächst Joer. Weider Detailer zu all den Aktivitéiten 2010 komme wéi gewinnt Enn des Joers.



10.09.2009

D'Säit vum Groupe Animateur gouf an de leschten Deeg op en aner, méi séieren a méi performante Server iwwerdro. Doduerch gouf et verschidden Ausfäll, fir déi mir ons heimat entschëllege wëllen. Dës Problemer sinn awer elo geléist an et fonctionnéiert alles nees normal.


21.08.2009

Déi lescht Kolonië fir dëse Summer sinn elo um Lafen an och dëst Joer hunn nees wäit iwwer 400 Kanner vun onsen Aktivitéite profitéiert. Mee och nom Summer geet et natierlech weider mat flotten Aktivitéiten!
Déi nächst Kolonie ass iwwerdeems d'Hierschtkolonie, déi an der Allerhelgevakanz zu Lëltz stattfënnt a sech u Kanner vun 10-14 Joer riicht. Méi Informatioune fannt dir hei. Momentan sinn och nach Plaze fräi.


31.05.2009

Fir d'Summervakanz sinn nach e puer Plaze fräi op onse Kolonien. Hei fannt Dir eng Lëscht mat deene Kolonien, wou aktuell nach Plaze fräi sinn. An der Rubrik "Camps a Kolonien" fannt Dir de ganze Summerprogramm. Fir Aktivitéiten, déi scho voll sinn, kënnt Dir Iech weiderhin umellen, kommt awer dee Moment op eng Waardelëscht.
2.8. - 12.8. Camp Ierpeldeng II Ierpeldeng 12-15 Joer
3.8. -12.8. Spillvakanz Beefort 7-10 Joer
5.8. - 12.8. Zeltkolonie fir eis all I Colmar-Bierg 11-14 Joer
19.8. - 29.8. Erliewniscolonie Neihaischen 10-14 Joer


18.05.2009

Wéi all Joer, ass de Groupe Animateur dësen Donneschden, 21. Mee nees um COSL Spillfest op der Kockelscheier a bitt e groussen Atelier mat vill Animatioun a Spiller fir Grouss a Kleng un.


10.05.2009

Während dem Gaardefestival "Ambiance Jardins" vum 15. bis de 17. Mee huet den SNJ nees zesumme mam Groupe Animateur en Informatiounsstand wou Dir all Informatiounen zu onse Kolonien a Formatioune kréie kënnt. Samsdes, de 16. a Sonndes, de 17. Mee bitt de Groupe Animateur dann och Animatioun mat enger grousser Afebréck fir d'Kanner un. Eng ideal Geleeënheet also sech direkt op engem vun onse Siten iwwer déi kommend Aktivitéiten ze informéieren!


07.03.2009

Och wann dëse Wanter sou lues op en Enn geet, deen nächste kënnt bestëmmt! Enn November organiséiert de Groupe Animateur dofir en neie Weekend fir Kanner vu 4 bis 7 Joer zu Buerglënster bei deem et "Mat de Wiichtelcher op den Nordpol" geet. Méi Informatiounen zu dësem neie Weekend an zur Umellung, fannt dir hei.


07.01.2009

Och dëst Joer huet de Groupe Animateur e Stand op der Foire "Vakanz" op der Luxexpo um Kierchbierg. Hei kritt Dir all Informatiounen zu onse Kolonien, Weekender a Formatiounen an dobäi bidde mir natierlech och verschidden Animatioune fir Grouss a Kleng un. Déi nei Broschür vum SNJ fir 2009 mat all onsen Aktivitéite kritt Dir natierlech och bei ons um Stand. Dir fannt ons um Stand 7B19.


07.01.2009

De komplette Programm vun dësem Joer ass elo online an Dir kënnt Iech vun elo un och fir all ons Aktivitéiten an dësem Joer umellen. Kuckt an där jeweileger Rubrik a mellt Iech am beschten elo schonn un!


24.12.2008

De Groupe Animateur wënscht schéi Feierdeeg an e gudde Rutsch!


01.11.2008

Zanter haut sinn all d'Datumer vun onsen Camps, Colonien, Weekender a Formatiounen fir d'nächst Joer op onser Internetsäit. Weider Detailer komme geschwënn no. Awer och dëst Joer lafen nach eng Rei Aktivitéiten, fir déi Dir Iech nach ëmmer umelle kënnt.


02.10.2008

An 1 Mount ass d'Allerhelgevakanz, an där de Groupe Animateur nees flott Aktivitéite fir Kanner a Jugendlécher ubitt. An zwar d' Hierschtcolonie fir Kanner vun 10-14 Joer an d'1. Formatiounswoch fir Jonker vu 17 Joer un, déi gär selwer Moniteur géife ginn. Mellt Iech also sou séier wéi méiglech un.


07.09.2008

De Groupe Animateur feiert dëst Joer seng 25 Joer! Aus dësem Grond sinn all fréier an heiteg Memberen op déi grouss Gebuertsdagsfeier den 13. September invitéiert! Wien nach keng Invitatioun krut oder sech bis elo nach net ugemellt huet, dee soll sech sou séier wéi méiglech bei ons mellen.


22.08.2008

De Summer geet sou lues op en Enn an ons lescht Colonien an der Summervakanz lafen. 8 Colonien hat de Groupe Animateur dëst Joer an der grousser Vakanz ugebueden an iwwer 450 Kanner woren op onsen Aktivitéiten dobäi! Am Fotoalbum kënnt Dir déi éischt Fotoe vum Summer kucken.

Déi nächst Colonië sinn iwwerdeems d'Hierschtcolonie an d'Wantercolonie. Ënnert der Rubrik Formatioun fannt dir de Formatiounsprogramm bis Enn dës Joers.


08.06.2008

D'Summervakanz kënnt sou lues méi no an domat och ons Camps a Kolonien am Summer. Déi meescht Aktivitéite si mëttlerweil bal voll, mee et sinn nach e puer Plaze fräi, profitéiert also lo nach dovun Iech unzemellen!
18.7. - 28.7. Camp Ierpeldeng I Ierpeldeng 9-12 Joer
20.7. - 27.7. Adventure Camp Wäicherdang 12-15 Joer
2.8. -11.8. Spillvakanz Beefort 7-10 Joer
2.8. - 12.8. Camp Ierpeldeng II Ierpeldeng 12-15 Joer
6.8. - 13.8. Zeltkolonie fir eis all I Colmar-Bierg 11-14 Joer
16.8. - 19.8. 3 Nuechten am Zelt Ierpeldeng 6-10 Joer
17.8. - 24.8. Zeltkolonie fir eis all II Colmar-Bierg 7-10 Joer
20.8. - 30.8. Erliewniscolonie Lëltz 10-14 Joer


17.05.2008

Wéi schonn d'lescht Joer, huet den SNJ nees en Informatiounsstand um Gaardefestival Ambiance jardins vum 23. bis de 25. Mee zu Ierpeldeng. Sonndes bitt de Groupe Animateur dann och verschidden Animatioune fir d'Kanner un. Eng ideal Geleeënheet also, fir sech an engem vun onsen Centren iwwer ons Camps a Kolonien am Summer z'informéieren.


16.05.2008

Den Agenda op onser Säit gouf iwwerschafft a bitt elo nach méi Informatiounen iwwer ons Aktivitéiten.
Ons Säit gouf iwwerdeems an de leschten Deeg op en aner Server geplënnert, sou datt se elo méi séier lafe misst. Mir entschëllegen ons fir eventuell Ausfäll an där Zäit.


28.04.2008

En Donneschden, den 1. Mee, ass de Groupe Animateur erëm mat engem grousse Stand um COSL Spillfest op der Kockelscheier. Niewend vill Spaass a Beweegung, kritt Dir op onsem Stand awer och all Informatiounen zu onsen Aktivitéiten.


29.03.2008

Vun elo un, fannt Dir de Programm vun onse Camps, Kolonien, Weekender a Formatioune bis September op onser Internetsäit a kënnt Iech fir dës Aktivitéiten umellen!
Zanter dësem Joer, huet de Groupe Animateur iwwerdeems sämtlech Aktivitéiten am Beräich vun der Animatioun iwwerholl, déi den SNJ bis elo mat der Amicale SNJ zesummen organiséiert huet. Domat vergréissert sech d'Offer vum Groupe Animateur ëm déi 4 grouss Summercampen zu Ierpeldeng an ëm weider Formatiounsweekender. Sou kommen endlech all dës Aktivitéiten, déi souwisou schonn ëmmer vun deene selwechte Leit encadréiert goufen, ënnert een Hutt!
Informéiert Iech einfach ënnert där jeeweileger Rubrik iwwert ons nächst Aktivitéiten a mellt Iech sou séier wéi méiglech un.


29.03.2008

Duerch technesch Probleemer un onsem Server, wor ons Säit an där leschter Woch e puer mol ausgefall. Mir hoffen, dass déi Probleemer elo behuewe sinn an et keng weider Ausfäll méi gëtt an entschëllegen ons dofir.


19.03.2008

Vun haut un, fannt Dir och e Gëlle Buch op onser Internetsäit. Dora kënnt Dir ons Kommentarer zu onsen Aktivitéiten hannerloossen. Dir fannt et ënnert der Rubrik "Allgemeng Informatiounen" oder hei.


18.01.2008

Besicht ons vum 18. bis den 20. Januar op onsem Stand op der Foire "Vakanz" an de Foireshale vun der Luxexpo um Kierchbierg. Dir fannt de Groupe Animateur um Stand 9A59 mat villen Informatiounen zu all onse Camps, Kolonien a Formatiounen!


06.01.2008

Wéi all Joers ass d'Fuesend nees eng méi lass op der Fuescolonie vu Groupe Animateur an SNJ zu Lëltz an der Jugendherberg: Spiller, Atelieren, eng spannend Geschicht an nach vill méi waarden nees op 45 Kanner tëscht 8 an 12 Joer. Aktuell sinn nach e puer Plaze fräi. Hei fannt Dir méi Informatiounen.


06.01.2008

No der Generalversammlung vum 21. Dezember 2007 an dem éischten Treffe vun deenen neien Aarbechtsgruppen de 6. Januar 2008, huet de Groupe Animateur en neie Comité fir d'Aktivitéitsjoer 2007/2008. Déi genee Zesummestellung fannt dir hei.


22.12.2007

Mir wënschen all onse Memberen, Partner an all deenen, déi dëst Joer op enger oder méi vun onsen Aktivitéiten dobäi waren an all de Besicher vun onser Internetsäit schéi Feierdeeg an e gudde Rutsch an d'neit Joer a freeën ons schonn op d'nächst Joer!


20.11.2007

Vun haut u sinn d'Datummer von onse Camps, Colonien, Weekender a Formatioune fir d'nächst Joer op onser Internetsäit. Informéiert Iech also lo scho wéini ons Aktivitéiten 2008 stattfannen an där jeeweileger Rubrik. D'Umellung ass awer weiderhi réicht méiglech soubal di jeeweileg Trimesterbrochure vum SNJ erschéngt.
Bleift fir 2007 nach d'Wantercolonie wou nach eng Rei Plaze fräi sinn. Méi Informatioune kritt dir hei.


18.10.2007

2007 stinn nach 2 Colonien um Programm vum Groupe Animateur: an zwar d'Hierschtcolonie an der Allerhelgevakanz zu Lëltz fir Kanner vun 11 bis 14 Joer an d'Wantercolonie an der Chrëschtvakanz zu Huelmes am Schlass fir Kanner vu 7 bis 11 Joer.
Méi Informatioune fannt dir wéi ëmmer op onser Säit an der Rubrik Camps a Kolonien. Mellt Iech also sou séier wéi méiglech un!


30.09.2007

De Programm vun der Formatioun bis nächste Summer ass elo aktualiséiert ginn.
Bis Enn dës Joers sinn nach 2 Formatiounsweekender bäikomm déi nach net an der Brochure vum SNJ stoungen a fir déi dir Iech awer lo umelle kënnt:

De komplette Programm mat allen Datummer vun de Formatiounen, déi de Groupe Animateur an Zesummenaarbecht mam SNJ ubitt, fannt dir hei.


12.09.2007

De Programm vum Groupe Animateur gëtt dëst Joer duerch e weidere Formatiounsweekend erweidert, mam Thema Kooperativ Abenteuerspiller. De Weekend fënnt de 15. an de 16. Dezember zu Huelmes statt a riicht sech wéi all Formatiounsweekender u Jonker vu 16 Joer un.


15.08.2007

Mat der Erliewniscolonie, déi haut ugefaang huet, huet och di lescht Colonie vun dësem Summer vum Groupe Animateur ugefaang. Wéi all Joers hunn och dëst Joer nees vill Kanner vun onser Offer u Camps a Colonië profitéiert. An onsem Fotoalbum kënnt dir dann och schonn di éischt Fotoe vum Summer kucken.
Och iwwert de Rescht vum Joer bidde mir an de Schoulvakanze Colonien un. Sou stinn elo als nächst Colonien d'Hierschtcolonie an d'Wantercolonie um Programm, fir déi der Iech ab September kënnt umellen, soubal déi nei Trimesterbrochure vum SNJ erauskomm ass. Fir de Rescht ginn och a punkto Formatioun nach eng Rei Weekender an eng Formatiounswoch bis zum Enn vum Kalennerjoer ugebueden.


14.08.2007

De Weekend vum 17. an 18. November fënnt deen neie Formatiounsweekend "Materialsweekend" zu Huelmes statt. Méi Informatiounen iwwert dës Formatioun gëtt et hei.


10.07.2007

Wéi schonn am Februar ugekënnegt, ass de Groupe Animateur mat engem Projet um Festival des Cabanes am Mariendall vertrueden. Den 10. Juli ass et du lass gaang mam Opbauen a vun haut u kënnt dir bis d'Eröffnung vum Festival des Cabanes den 13. Juli, aktuell Fotoe vun onser Konstruktioun am Fotoalbum kucken.


09.06.2007

De Summer steet virun der Dier an nach sinn e puer Plaatzen op onse Colonien an der grousser Vakanz fräi! Profitéiert also lo nach dovun Iech op enger vun eise Colonien unzemellen!
15.7. - 22.7. Adventure Camp Wäicherdang 12-15 Joer
27.7. - 3.8. Zeltkolonie fir eis all I Colmar-Bierg 11-14 Joer
3.8. -12.8. Spillvakanz Beefort 7-10 Joer
7.8. - 14.8. Zeltkolonie fir eis all II Colmar-Bierg 8-11 Joer
15.8. - 25.8. Erliewniscolonie Beefort 10-14 Joer


21.05.2007

Eis 2 Colonien an der Päischtvakanz, den Alles an den Dschungel an de Calico Jack zu Ierpeldéng, si mëttlerweil ausgebucht. Wië sech also lo nach umellt, kënnt ob di jeeweileg Waardelëscht a kann awer eventuell nach noréckelen, falls nees Plaatze fräi ginn.
Fir de Summer sinn awer de Moment nach Plazen op eise Colonië fräi. An der Rubrik "Camps a Kolonien" fannt Dir all néideg Informatiounen dozou.


06.05.2007

De 17. Mee ass nees d'Cosl Spillfest op der Kockelscheier wou de Groupe Animateur och rëm e grousse Stand mat vill Animatioun huet! Hei kënnt dir och all Informatiounen iwwer eis Aktivitéiten aus éischter Hand vun eise Moniteuren kréien. Virun allem steet awer Spill a Spaass fir Grouss a Kleng um Programm! Kommt also roueg bis laanscht op eise Stand.
Den 20. Mee si mir dann mam SNJ zu Ierpeldéng um Gaardefestival "Ambiance Jardins" wou mir fir d'Kanner Animatioun zum Thema Natur an Abenteuer ubidden. Profitéiert also och hei vun der Geléenheet niewebei eng vun eise Campplaatze kennenzeléiren a méi iwwer eis Aktivitéiten gewuer ze ginn!


16.04.2007

Och an der Päischtvakanz ass dëst Joer eng méi lass op den Aktivitéite vum Groupe Animateur. De Päischtweekend steet nees den integrativen Weekend "Alles an den Dschungel" (7-11 Joer) um Programm an 2 Deeg drop sinn dann nees fir 3 Deeg d'Pirate lass um "Calico Jack" (8-12 Joer). Béid Aktivitéite sti lo dat 2. Joer um Programm a lafen zu Ierpeldéng of. Fir all zukünfteg Animateuren organiséiert de Groupe Animateur dann och nees eng 1. Formatiounswoch zu Beefort an der Jugendherberg.


20.03.2007

Vun elo u kënnt Dir Iech fir ons Kolonien an der Summervakanz umellen. Ënner der Rubrik Camps/Kolonien fannt Dir de komplette Programm an all néideg Informatioune fir d'Umellung.


28.02.2007

D'Ouschtervakanz kënnt sou lues méi no a wéi all Joer organiséiert de Groupe Animateur nees 2 Kolonien an dëser Vakanz. Mellt Iech also op der Ouschtercolonie 1 zu Beefort (10-14 Joer) oder der Ouschtercolonie 2 zu Huelmes (7-10 Joer) un sou laang nach Plaatze fräi sinn. Dobäi kënnt natierlech och nach d' 1. Formatiounswoch fir zukünfteg Animateuren.



14.02.2007

Den Groupe Animateur bedeelegt sech mat engem Projet um Festival des Cabanes den am Juli am Kader vum Kulturjoër 2007 vum SNJ an dem OAI am Mariendall organiséiert gët. De Projet vum GA wor een vun denen 35 déi zeréckbehalen goufen.


06.02.2007

Vun desem Joër un gët ët eng nei Aktivitéit am Programm vum Groupe Animateur: De Märechersweekend. Dest as eng Aktivitéit déi sech un déi méi kleng riicht (tëscht 5 a 7 Joër). De Weekend leeft um Misärshaff of (d'Plaatz huet missen kuerzfristeg gännert gin, dofir steet ët anescht an der Brochure) an as den 10. an 11. März. Klickt hei fir méi Detailer iwwer des flott Aktivitéit gewuer ze gin.


06.02.2007

Nodeems déi aal Internetsäit vum Groupe Animateur eng Zäit laang nëmmei ganz aktuell wor, huet de Groupe Animateur lo eng fonkelnei Internetpräsenz kritt!
Déi nei Säit bidd Iech niewt enger helle Wull vun Informatiounen iwwer ons Organisatioun an ons Aktivitéiten och nach een aktuellen Agenda an e Fotoalbum mat puer Andréck vun onsen Colonien. Natiirlech wäert ët dobei nët stoën bleiwen a mir versichen d'Säit weider auszebauen. Den neien Agenda bidd Iech iwwerdeems d'Méiglechkeet Iech direkt iwwer den Agenda vum SNJ unzemellen (d'Umellungen lafen och weiderhin iwwer den SNJ).
Doduerch, dass d'Säit lo vollkommen nei as, kann ët natiirlech sin, dat nach eng Rei klenger Fehler opdauchen, woufir mir eis am Viraus wëllen entschëllegen. Zéckt dofir nët eis bescheed ze soën wann Iech eppes opfällt, och wann Iech iergendeppes nët gefällt oder dir Virschléi fir d'Säit hutt. Villmols Merci!

Mir wënschen Iech op alle Fall vill Spaass mat der neier Internetsäit!



zréck op d'Startsäit




Kalenner



Nächst Aktivitéiten

30.09.2017 - 01.10.2017
Konstruktiouns- a Bastelstage

7.10.2017 - 09.10.2017
New Games

21.10.2017 - 22.10.2017
Grujelweekend


Nei am Blog

Erliefniskolonie
Retour vum Hike

Zeltkolonie fir...
e Puer weider flott Deeg ob...

4 Nuechten am Zelt
Gruppen Challenge &...