Menu


Archiv

Hierschtkolonie 2018



 
 
 
 
 
Och nom Summer ass bei eis am Groupe Animateur nach eng lass!
 
Nieft de ville klenge Weekender déi nach ustinn ass awer och wei all Joer d´Hieschtkolonie zu Lëlz zu Besuch.
 
Beim schéine Stau an der Jugendherberge waren och dëst Joer eng ronn 40 Kanner/Jugendlecher teschend 10 a 14 Joer dobäi. Dei eng wollten sech nom Summer onbedéngt nach eng Kéier erëmgesinn, déi aner kommen nei dobäi.
 
Eis Läit an der Geschicht hunn sech selwer iwwertraff an ee Pirateschëff zesummengezemmert dat senges Gläiche sicht!
 
D´Spiller ware wei all Joer villsäiteg a flott, mee virun allem d´Pokemonspill (nominéiert zum Spill vum Joer 2018) huet op sech Opmierksam gemaach!
 
Ma et kann ee soen, dass d´Stëmmung gepasst huet. De leschten Owend war wei ëmmer eng grouss Disco an et ass keen Aen dresche bliwwen! 
 
Wann der nach net wësst, wat der de Kanner fir Chrëschtdag schenke sollt, dann investéiert an ee Camp oder eng Kolonie. Domat verschenkt dir echt Erliefnisser a Frëndschaften an Erfarunge fir d´Liewen
 
 
 
 
 




Kalenner



Nächst Aktivitéiten

28.12.2018 - 04.01.2019
Wanterkolonie

18.02.2019 - 22.02.2019
Fueskolonie


Nei am Blog