Startsäit
Camp Ierpeldeng 2
Een Summer voller Spaass zu Ierpeldeng!!!

Och dëse Summer ass zu Ierpeldeng eng mei lass! De Camp Ierpel 2 ass erëm do an mat him 90 Jonker am Alter teschend 13 a 16 Joer. Zesummen erliewe mir eng Zäit voller Erliefnisser a gefëllt mat Action. Eis grouss Spiller ouni Grenze sinn traditionell ee vun den Highlighten a bei dëse gëtt wierklech keng Käschten a Mei gescheit fir dësen Dag besonnesch ze maachen.
Am Moment sinn d´Gruppen um Hike. An déi meescht vun hinne maache mat, bei der grousse Challenge: 3-Deeg-keen-Handy!!! Dat ass fir déi Jonk net esou einfach an awer sinn 61 vun 90 Kanner ouni hiren alldeegleche Begleeder elo 3 Deeg ënnerwee.
Mir si gespaant wei des Zäit fir si war a wat si eis alles ziele wann sie erëm sinn!
Beim spektakulären Parcours um SOG Dag
Beim Counterstrike
Gewënner vun der grousser Final!

