Wanterkolonie

E puer opreegend éischt Deeg

Agedro den 29.12.2017 vum Yann Zeniti


Den drëtten Dag vun der Wanterkolonie ass bal eriwer, an zesummen hu mir schon zimlech vill erliewt!

Nodems dei verschidden Hausgruppen sech ennerteneen besser kennengeléiert hun, ass et den eischten Dag direkt weider bei d’Indianer gangen, wou d’Kanner verschidden Stämm eroberen missten. Owes sin sie an d’Beschwelt vum Kinnék Floros agetaucht, vun dem se déi neechst Deeg wuel nach méi oft héieren wärten. 

Geschter Moien ass et dun sportlech weidergang op eiser traditioneller Wanterolympiad mat den verschiddensten Tournoi’en, an am Nometten sin d’Kanner op eng spannend Rees duerch den Weltraum gescheckt gin. 

Haut dann konnten d’Kanner hieren eischten Atelier auswielen, an vun bastelen iwer baaken bis hin zu Sport war do vir jidfereen eppes derbai. De Metten dun hun mer eis all zesummen an der Schwemm ausgetobt, an den Owend hu mer dun relax mat engem Film auskléngen geloss. 

Mat Ausbléck op Sylvester si mer gespaant wat dei neechst puer Deeg eis nach alles brengen!

DSC_0128.JPG DSC_0166.JPG DSC_0262.JPG
Dësen Artikel gouf bis elo 2612 mol opgeruff.

Kommentarer zu dësem Artikel

Schreift e Kommentar zu dësem Artikel.


E Kommentar schreiwen zu "E puer opreegend éischt Deeg"


Ären Numm:
Är Emailadress:
Titel vun Ärem Kommentar:
Äre Kommentar:

This is a captcha-picture. It is used to prevent mass-access by robots. (see: www.captcha.net)
Gitt w.egl. d'Zeechen an, déi dir am Feld hei uewendriwwer gesitt:


Wann Dir net wëllt, datt eng vun dëse Fotoen hei ugewise gëtt, da kontaktéiert ons w.e.gl. a mir huelen se sou séier wéi méiglech erof.
Et ass net erlaabt Fotoe vun dëser Säit ze kopéieren an/oder op anere Plazen ze publizéieren.


Zréck