Kalenner
Mam Sherlock am Misterydall |
|
15. Juni 2019 bis 16. Juni 2019
Bass du prett fir mam Sherlock Rätselen an Fäll ze Léisen?
De Sherlock hellt jiddereen an säin Team egal op am Rollstull oder ze fouss, op kleng grouss. Haaptsaach dir sidd prett fir en Weekend am Misterydall ze verbréngen, do as de Spaass a Spannung garantéiert.
Mir freeën eis schon iech ze begréissen.
Mir hunn op dëser Kolonie 4 Plaatze fir Jonker mat Behënnerungen. Wann äert Kand eng Behënnerung huet, da schreiwt eis dat w.e.g. bei d’Umeldung dobäi. Dëst as wichteg, fir dass mir zesumme mat eisen Animateuren déi richteg Präparativen treffe fir ärem an deenen anere Kanner een optimalen Oflaf vun der Aktivitéit garantéiren ze kënnen. Zur Präparatioun gehéiert och een obligatorescht Gespréich virun der Kolonie tëscht Eltren a Responsabel, wou si d’Kand a seng Behënnerung besser kenneléieren. Déi lescht Decisioun ob d’Kand ka matgoen oder net, trëfft den SNJ a Récksprooch mat de Responsabel vun der Kolonie, well si d’Verantwortung hunn a mussen aschätze kënnen, ob si während der Kolonie fir dat Kand kënne korrekt suergen.
Fir 20 Kanner vun 8 - 12 Joer
Plaz: Marienthal ->Infoen a Weebeschreiwung Präiss: 43 € Responsabel: Michèle Scholtes & Yann Zeniti |
|
Dës Aktivitéit ass leider schonn eriwwer fir dëst Joer.
Kommentarer zu dëser Aktivitéit
Schreift e Kommentar zu dëser Aktivitéit.

