Kalenner
Plang B (Formation de base) |
|
4. Mee 2019 bis 5. Mee 2019
Haut geet et an d'Schwämm, dat ass ëmmer eng super Aktivitéit an d'Kanner freeë sech scho wéi wëll. D'Stëmmung ass super, bis mer virun der Schwämm stinn. Oh nee, d'Schwämm ass zou! A wat elo? Leider leeft net ëmmer alles riicht an et muss een heiansdo improviséieren. Dëse Weekend soll dir weisen dass ee bei grousse Pannen, wéi enger Aktivitéit déi ausfält, awer och bei méi klenge Pannen mat ganz einfache Mëttelen kann d'Kolonie um lafen halen. Ziel vum Weekend ass et dass du dono ëmmer e Plang B an der Täsch hues, a ganz spontan kann s eppes aus dem Aarm zauberen, ouni dofir vill ze organiséieren.
Fir 20 Jonker vun 16 Joer un
Plaz: Vianden ->Infoen a Weebeschreiwung Präiss: 35 € Responsabel: Jenny Meester & Cassidy Nelting |
|
Umellung
Dës Aktivitéit ass leider schonn eriwwer fir dëst Joer.
Dës Aktivitéit ass leider schonn eriwwer fir dëst Joer.
Kommentarer zu dëser Aktivitéit
Schreift e Kommentar zu dëser Aktivitéit.

