Menu


Kalenner

Wëssenschaftlech Basteleien (Formation de spécialisation)

26. September 2015 bis 27. September 2015

3 2 1 …. WOUUUSCH - Zwou Sekonne méi spéit verschwënnt eis selwer gebaute Rakéit als Punkt um Himmel. An op dësem Weekend bastelen an tüftele mir un enger ganzer Rei Atelier’en déi e wëssenschaflechen Trick benotzen an doduerch méi Pepp kréien. Ahnung vu Wëssenschaft brauchs de dofir net ze hunn, mee no dësem Weekend weess de nawell wéi des faszinant Tricke funktionéieren. Zousazinfo : Dës Formatioun ass eng vun dräi aus der Serie vum “Animateur scientifique” a gëtt als Formatioun fir den normalen Animateursbrevet (Animateur C) oder fir den Animateur spécialisé (Animateur D) ugerechent.
Fir 20 Jonker vun 17 Joer un
Plaz: Huelmes ->Infoen a Weebeschreiwung
Präiss: 30 €
Responsabel: Joseph Rodesch (Mr. Science) & Michel Wolff
Organisateuren: Fonds National de la Recherche & SNJ - De Groupe Animateur organiséiert dës Aktivitéit NET mat. Dëse Weekend zielt awer genau zelwecht fir Deng Formatioun

Umellung

Dës Aktivitéit ass leider schonn eriwwer fir dëst Joer.


Kommentarer zu dëser Aktivitéit

Schreift e Kommentar zu dëser Aktivitéit.




E Kommentar schreiwen zu "Wëssenschaftlech Basteleien"


Ären Numm:
Är Emailadress:
Titel vun Ärem Kommentar:
Äre Kommentar:

This is a captcha-picture. It is used to prevent mass-access by robots. (see: www.captcha.net)
Gitt w.egl. d'Zeechen an, déi dir am Feld hei uewendriwwer gesitt:




Kalenner



Nächst Aktivitéiten

23.09.2017 - 24.09.2017
Ee Weekend an der Natur

30.09.2017 - 01.10.2017
Konstruktiouns- a Bastelstage

7.10.2017 - 09.10.2017
New Games


Nei am Blog

Erliefniskolonie
Retour vum Hike

Zeltkolonie fir...
e Puer weider flott Deeg ob...

4 Nuechten am Zelt
Gruppen Challenge &...