Menu


Formatioun

Grouss Spiller am Bësch an an der Stad (Formation de base)

10. Mee 2019 bis 12. Mee 2019

Wat kënne mer mat de Kanner haut de Mëtten maachen? Eng Aktivitéit fir d´ganz Kolonie? Iwwer de ganzen Dag? E Spill am Bësch? Wann s du der dës Froen stells an och nach wëlls wëssen wéi een esou eng Aktivitéit organiséiert da mell dech hei un. Hei kriss du d’Méiglechkeet fir selwer ze plangen an auszeprobéieren. !! Dëse Weekend fänkt Freides owes un!!
Fir 20 Jonker vun 16 Joer un
Plaz: Ierpeldeng ->Infoen a Weebeschreiwung
Präiss: 35 €
Responsabel: Jeanne Jénin, Alain Tonnar & Tom Fischer

Umellung

  Et sinn nach Plazen op dëser Aktivitéit fräi.

D'Umellung leeft iwwer den SNJ, deen och Coorganisateur vun all onsen Aktivitéiten ass.
D'Umellung ass méiglech iwwer: Nodeems dir Iech ugemellt hutt, kritt Dir normalerweis eng schrëftlech Confirmatioun, dass Dir fir d'Aktivitéit ugeholl sidd oder op enger Waardelëscht stitt. E puer Woche virun der Aktivitéit, kritt dir en zweete Bréif mat allen néidegen Informatiounen zum Oflaf vun der Aktivitéit an der Bezuelung. Wann et domat Probleemer gëtt, da mellt Dir Iech am Beschte beim SNJ.


Kommentarer zu dëser Aktivitéit

Schreift e Kommentar zu dëser Aktivitéit.




E Kommentar schreiwen zu "Grouss Spiller am Bësch an an der Stad"


Ären Numm:
Är Emailadress:
Titel vun Ärem Kommentar:
Äre Kommentar:

This is a captcha-picture. It is used to prevent mass-access by robots. (see: www.captcha.net)
Gitt w.egl. d'Zeechen an, déi dir am Feld hei uewendriwwer gesitt:




Kalenner



Nächst Aktivitéiten

18.02.2019 - 22.02.2019
Fueskolonie

2.03.2019 - 03.03.2019
Kachen a Brachen

23.03.2019 - 24.03.2019
Märechersweekend


Nei am Blog