Kalenner
Zirkus op der Kolonie (Formation de spécialisation) |
|
17. November 2018 bis 18. November 2018
Op all Camp a Kolonie ass se voll bis uewen hin mat vill verschiddene Saachen! Deem enge seng Freed, deem aner säi Leed ! Wie wuel gemengt ass ? Ma kloer, d’Jongléierkëscht… Dëse Weekend probéiere mir all déi verschidde Requisiten, wéi Bäll, Devil Stick, Diabolo, Rola Bola, Eerad aus; jongléieren, balancéieren, … domadder a klären och wéi ee mat Kanner domat schafft. Mir ginn awer och drop an, wéi en Zirkusprojet op enger Colonie kann opgebaut ginn, dass herno och e flott Resultat dobäi erauskënnt! Wëllkomm ass jiddereen, op en Erfarung matt dëse Requisiten huet oder net!
Fir 20 Jonker vun 16 Joer un
Plaz: Iechternach ->Infoen a Weebeschreiwung Präiss: 35 € Responsabel: Lex Braun & Sam Muller Kuckt méi Fotoe vun dëser Aktivitéit aus dem Joer 2014. |
|
Umellung
Dës Aktivitéit ass leider schonn eriwwer fir dëst Joer.
Dës Aktivitéit ass leider schonn eriwwer fir dëst Joer.
Kommentarer zu dëser Aktivitéit
Schreift e Kommentar zu dëser Aktivitéit.

