Kalenner
Formatiounswoch 1. Cycle |
|
26. Mee 2019 bis 1. Juni 2019
Wëlls du Kanner eng flott Vakanz bidden an dobäi selwer vill Spaass hunn? Da bass du op dëser Woch genee richteg! Praxisorientéiert léiers du wéi ee Kanner mat Spiller, Atelieren a méi, animéiert, wéi e Grupp funktionéiert a wéi een an enger Moniteursequipe zesumme schafft a sech ameséiert fir sou de Kanner eng onvergiesslech Zäit ze bidden. Fills du dech ugesprach? Da mell dech séier un, fir gutt Stëmmung ass op alle Fall gesuergt.
Fir 20 Jonker vun 16 Joer un
Plaz: Eesebuer ->Infoen a Weebeschreiwung Präiss: 160 € Responsabel: Meggie Hoffmann, Cassidy Nelting & Tom Fischer |
|
Umellung
Dës Aktivitéit ass leider schonn eriwwer fir dëst Joer.
Dës Aktivitéit ass leider schonn eriwwer fir dëst Joer.
Kommentarer zu dëser Aktivitéit
Schreift e Kommentar zu dëser Aktivitéit.
Formationswoch zu Formatiounswoch 1. Cycle
Agedro den 03.11.2013 vum sheila
Wuar eng mega Woch hun ech fonnt. Mer hun viel gewiessen kritt an wuar awer och eng super Equipe vun Leit dei do waren. Soen den Formateuren en groussen MERCI fir dei Flott Woch.
Formatioun 1er cycle zu Formatiounswoch 1. Cycle
Agedro den 02.11.2013 vum Stefan
also war eng top woch mat mega ambiance an viel ennerschiedlech alteren an hun et awer gud iwerstannen an och eis grouss aufgab gud gemeeschtert
Formatiounswoch zu Formatiounswoch 1. Cycle
Agedro den 07.11.2009 vum Frank Thill
Ola G-A
Wëll dem Célia , Manou an dem Lex en Groussen Merci soen fier dei Wahnsinech an Impressionant Formatiouns-woch vum 1/11-7/11/2009 zu Lëltz ! Dir sidd eng mega kompétent Equipe ! En ganz groussen Respect !!! Dei Formatioun/en an den G-A sas/sin all Jugendlechem an och Erwuessenem wärmstens ze Empfehlen !
Frank "den Decken Wickinger ;-)" Cu @ Echternach beim Cirkus

