Kalenner
Formatiounswoch 1. Cycle |
|
7. April 2019 bis 13. April 2019
Wéi betreien an animéieren ech e Grupp Kanner ? Wéi preparéieren a realiséieren ech e grousst Spill oder een Atelier? Wéi schaffen an ameséieren ech mech mat menge Co-Moniteuren? Wann s du dir all dës Froe stells, a Loscht hues mat anere motivéierte Jonken op eng praxisorientéiert Art a Weis ze léieren wéi ee Kanner eng onvergiesslech Zäit bitt, da bass du op dëser Woch genau richteg!
Fir 20 Jonker vun 16 Joer un
Plaz: Marienthal ->Infoen a Weebeschreiwung Präiss: 160 € Responsabel: Anne Gantrel, Gary Wirth, Kevin Schneider & Laetitia Loconte Kuckt méi Fotoe vun dëser Aktivitéit aus dem Joer 2014. |
|
Umellung
Dës Aktivitéit ass leider schonn eriwwer fir dëst Joer.
Dës Aktivitéit ass leider schonn eriwwer fir dëst Joer.
Kommentarer zu dëser Aktivitéit
Schreift e Kommentar zu dëser Aktivitéit.
Formationswoch zu Formatiounswoch 1. Cycle
Agedro den 03.11.2013 vum sheila
Wuar eng mega Woch hun ech fonnt. Mer hun viel gewiessen kritt an wuar awer och eng super Equipe vun Leit dei do waren. Soen den Formateuren en groussen MERCI fir dei Flott Woch.
Formatioun 1er cycle zu Formatiounswoch 1. Cycle
Agedro den 02.11.2013 vum Stefan
also war eng top woch mat mega ambiance an viel ennerschiedlech alteren an hun et awer gud iwerstannen an och eis grouss aufgab gud gemeeschtert
Formatiounswoch zu Formatiounswoch 1. Cycle
Agedro den 07.11.2009 vum Frank Thill
Ola G-A
Wëll dem Célia , Manou an dem Lex en Groussen Merci soen fier dei Wahnsinech an Impressionant Formatiouns-woch vum 1/11-7/11/2009 zu Lëltz ! Dir sidd eng mega kompétent Equipe ! En ganz groussen Respect !!! Dei Formatioun/en an den G-A sas/sin all Jugendlechem an och Erwuessenem wärmstens ze Empfehlen !
Frank "den Decken Wickinger ;-)" Cu @ Echternach beim Cirkus

