Menu


Kalenner

Art Together

27. August 2018 bis 2. September 2018

Fënnef Deeg mat ofwiesslungsräichem Programm fir jonk Mënsche mat an ouni Behënnerung. Op dëser Kolonie ginn Atelier'en ugebuede wou verschidde Konschttechniken, wéi z.B. Graffiti, Action Painting a Marbling probéiert ginn. Als Ofwiesslung sinn och flott Bewegungsaktivitéiten um a ronderëm d'Waasser virgesinn. Wann s du gär eng eemoleg Kolonie erliefs, bass du bei eis genee richteg! Waart net a mell dech un!
 
 
Mir hunn op dëser Kolonie 8 Plaatze fir Jonker mat Behënnerungen. Wann äert Kand eng Behënnerung huet, da schreiwt eis dat w.e.g. bei d’Umeldung dobäi. Dëst as wichteg, fir dass mir zesumme mat eisen Animateuren déi richteg Präparativen treffe fir ärem an deenen anere Kanner een optimalen Oflaf vun der Aktivitéit garantéiren ze kënnen. Zur Präparatioun gehéiert och een obligatorescht Gespréich virun der Kolonie tëscht Eltren a Responsabel, wou si d’Kand a seng Behënnerung besser kenneléieren. Déi lescht Decisioun ob d’Kand ka matgoen oder net, trëfft den SNJ a Récksprooch mat de Responsabel vun der Kolonie, well si d’Verantwortung hunn a mussen aschätze kënnen, ob si während der Kolonie fir dat Kand kënne korrekt suergen.
Fir 25 Jonker vun 20 - 15 Joer
Plaz: Weicherdange ->Infoen a Weebeschreiwung
Präiss: 166 €
Responsabel: Leatitia Loconte & Kevin Mousel

Umellung

Dës Aktivitéit ass leider schonn eriwwer fir dëst Joer.


Kommentarer zu dëser Aktivitéit

Schreift e Kommentar zu dëser Aktivitéit.




E Kommentar schreiwen zu "Art Together"


Ären Numm:
Är Emailadress:
Titel vun Ärem Kommentar:
Äre Kommentar:

This is a captcha-picture. It is used to prevent mass-access by robots. (see: www.captcha.net)
Gitt w.egl. d'Zeechen an, déi dir am Feld hei uewendriwwer gesitt:




Kalenner



Nächst Aktivitéiten

22.09.2018 - 23.09.2018
Ee Weekend an der Natur

29.09.2018 - 30.09.2018
Konstruktiouns- a Bastelstage

6.10.2018 - 07.10.2018
New Games


Nei am Blog