Menu


Blog



Camp Ierpeldeng I

Lass geet et

Agedro den 19.07.2019 vum Jeanne Jénin


Dëst Joer kennen mir 102 Kanner zu Ierpeldeng begréissen fir mat der ganzer Ierpel Equipe 10 onvergiesslech Deeg ze verbrengen.

Den Mëtteg gouff gestaart mat enger Rëtsch Kennenleierspiller fir dass d'Gruppen hieren Teamspirit stärken kënnen. Nodeems d'Kanner sech beim Owesiessen Croque Monsieuren rangefeiert hun gouffen am Grupp puer kleng Spiller gemaach.

An der Geschicht, hun d'fünf Freunde duerch d'Knadderlou matkritt, dass an der Fabrik op der aanerer Séit vun der Sauer mysteriéis Saachen geschéihen. Dem Brutus den klengen Mupp vum Lou geet et net gut an dofir hun d'Lotti, den Big G, den Jean-Pierre, den Flepp an d'Sheyenne entscheed sech op een Abenteuer ze maachen fir ze kuken waat an der Fabrik firun sech geet.

Muer wäerten d'Kanner mat flotte Sport- an Iessatelieren an den Daag starten. Verschidden Kanner kënnen sech och fir een Upcycling oder Chill-Lounge Projet anschréiwen.

Mëttes wäerten d'Kanner sech op den Wee an den Ierpeldenger Bësch maachen wou een groussen Battle zwëscht verschidden Entreprisen stattfannen wäert. Owes wäert den Daag mat engem Karneval-Casino oofgeschloss gin an deem d'Kanner kënnen Blackjack, Dousenschéissen, Bingo an aaner flott Spiller austesten.

 

Bildschirmfoto_2019-07-19_um_22.38.38.png Bildschirmfoto_2019-07-19_um_22.38.50.png Bildschirmfoto_2019-07-19_um_22.39.01.png Bildschirmfoto_2019-07-19_um_22.39.14.png
Dësen Artikel gouf bis elo 463 mol opgeruff.

Kommentarer zu dësem Artikel

Schreift e Kommentar zu dësem Artikel.


E Kommentar schreiwen zu "Lass geet et"


Ären Numm:
Är Emailadress:
Titel vun Ärem Kommentar:
Äre Kommentar:

This is a captcha-picture. It is used to prevent mass-access by robots. (see: www.captcha.net)
Gitt w.egl. d'Zeechen an, déi dir am Feld hei uewendriwwer gesitt:


Wann Dir net wëllt, datt eng vun dëse Fotoen hei ugewise gëtt, da kontaktéiert ons w.e.gl. a mir huelen se sou séier wéi méiglech erof.
Et ass net erlaabt Fotoe vun dëser Säit ze kopéieren an/oder op anere Plazen ze publizéieren.


Zréck


Kalenner



Nächst Aktivitéiten

1.09.2019 - 08.09.2019
Art Together

1.09.2019 - 08.09.2019
Check-In

7.09.2019 - 11.09.2019
Hollenfall


Nei am Blog

Erliefniskolonie
Vill lassop der...

4 Nuechten am Zelt
Geschichtsspill, Kino an...

Erliefniskolonie
Start op der Erliefniskolonie