Menu


Blog



Fueskolonie

Avant-première Space X Casino Beefort

Agedro den 21.02.2019 vum Kim Levy


En Mëttwoch huet den Dag mat 6 verschiddene flotten Atelieren ugefaangen. Egal ob baken oder bastelen, fir jidderee war eppes dobäi. Wärenddeem krute mir Besuch vum RTL, déi sech ukucke wollte wéi eis Kolonie dann sou ofleeft. An deenen nächsten Deeg wärte mir d'Resultat dovu gesinn.
Mëttes hunn mir dunn zwee Außeriedechen, déi op engem einsame groe Planéit liewe gehollef fir erëm Faarwen a Freed an hie Welt ze bréngen. Dobäi hunn d'Kanner sech ville Froen an Aufgabe gestallt, déi se mat bravur gemeeschtert hunn.

Owes ass dunn chic ginn. Mir kruten all eng Aluedung fir an de "Space X Casoni", an dem een sech mat sengem gewonnene Spillgeld ënner anerem lecker Cocktaile a Pancakë kafe konnt.
An der Geschicht si mir erëm de Perry besiche gaangen. Hien versicht seng Karmapunkten erëmzekréien an all Kand kann hien dobäi ënnerstëtzen andeems et de ganzen Dag léif a gutt Aktioune mëscht. Mir si gespaant, ob mir genuch gesammelt hunn.

51926026_299317364091247_6797571226718961664_n.jpg 52594328_342612509793112_5236361429350612992_n.jpg 52678058_430282517714314_6637274165239873536_n.jpg 52729325_430966254308808_6811253308896837632_n.jpg 52749956_929886457215645_4916076264864874496_n.jpg 52830365_302290300488659_8734161363326205952_n.jpg
Dësen Artikel gouf bis elo 3107 mol opgeruff.

Kommentarer zu dësem Artikel

Schreift e Kommentar zu dësem Artikel.


E Kommentar schreiwen zu "Avant-première Space X Casino Beefort"


Ären Numm:
Är Emailadress:
Titel vun Ärem Kommentar:
Äre Kommentar:

This is a captcha-picture. It is used to prevent mass-access by robots. (see: www.captcha.net)
Gitt w.egl. d'Zeechen an, déi dir am Feld hei uewendriwwer gesitt:


Wann Dir net wëllt, datt eng vun dëse Fotoen hei ugewise gëtt, da kontaktéiert ons w.e.gl. a mir huelen se sou séier wéi méiglech erof.
Et ass net erlaabt Fotoe vun dëser Säit ze kopéieren an/oder op anere Plazen ze publizéieren.


Zréck


Kalenner



Nächst Aktivitéiten

28.09.2019 - 29.09.2019
The last Summer Hike

13.10.2019 - 14.10.2019
Vampiren- a Gespensterweekend

19.10.2019 - 20.10.2019
Grujelweekend


Nei am Blog

Erliefniskolonie
Fotoen Erliefniskolonie

Erliefniskolonie
Ennerwee um Hike

Erliefniskolonie
Dag um Stau