Menu


Blog



4 Nuechten am Zelt

Mat Danz a Spaass sinn 55 Kanner zu Ierpeldéng ukomm

Agedro den 19.08.2018 vum Jennifer Meester


Gëschter sinn bei eis zu Ierpeldeng 55 Kanner ukomm fir 5 Deeg Spaass ze hunn. 
No puer Spiller fir sech kennenzeléieren, goung et och scho un déi lecker Mettesbaff. Fir dat ganzt gutt ze verdauen hunn d'Kanner, mat den Moniteuren zesummen, op puer Lidder gedanzt. Och Mëttes waren se ganz sportlech mat den griechechen Gëtter ënnerwee, wou se dunn op der Olympiad gewisen hunn wat se drop hunn. 
Owes war et dann esou weit, se hunn den Nört kennegeléiert, deen an engem Videospill opgewaacht ass. En krut e puer Aufgaben an hoffentlech wäert hien se geléist kréien. 
Fir den Owend ofzeschléissen hunn mir eis dunn all zesummen bei d'Lagerfeier gesaat an zesummen d'Aventuren vum Stitch op senger Rees an d'Türkei erzielt.

DSC_0300.JPG DSC_0307.JPG DSC_0343.JPG WhatsApp_Image_2018-08-19_at_08.23.24.jpeg WhatsApp_Image_2018-08-19_at_08.23.26.jpeg WhatsApp_Image_2018-08-19_at_08.23.27.jpeg WhatsApp_Image_2018-08-19_at_08.23.28.jpeg
Dësen Artikel gouf bis elo 1832 mol opgeruff.

Kommentarer zu dësem Artikel

Schreift e Kommentar zu dësem Artikel.


E Kommentar schreiwen zu "Mat Danz a Spaass sinn 55 Kanner zu Ierpeldéng ukomm"


Ären Numm:
Är Emailadress:
Titel vun Ärem Kommentar:
Äre Kommentar:

This is a captcha-picture. It is used to prevent mass-access by robots. (see: www.captcha.net)
Gitt w.egl. d'Zeechen an, déi dir am Feld hei uewendriwwer gesitt:


Wann Dir net wëllt, datt eng vun dëse Fotoen hei ugewise gëtt, da kontaktéiert ons w.e.gl. a mir huelen se sou séier wéi méiglech erof.
Et ass net erlaabt Fotoe vun dëser Säit ze kopéieren an/oder op anere Plazen ze publizéieren.


Zréck


Kalenner



Nächst Aktivitéiten

28.12.2018 - 04.01.2019
Wanterkolonie

18.02.2019 - 22.02.2019
Fueskolonie


Nei am Blog