Menu


Blog



Camp Ierpeldeng I

Vill flotten Programm

Agedro den 23.07.2018 vum Jeanne Jénin


Schéine gudden Moien hei vun Ierpeldeng, eis geet et gutt an den Kanner gefält et immens.

 

Firgëschter waren eis Kanner mat groussen Mafia Bossen zu Dikrech an Ettelbréck ënnerwee. Moies ass et drëm gaangen verschidden Formatiounen ze maachen fir ze beweisen dass sie schmuggelen an sech uschläichen kennen. Mëttes an der Staat gouf dunn den Mister X gesicht.

 

Owes an der Geschicht huet eng Hex den Cliff gefaangen geholl an him vun sengem béisen Plang erzielt. An dësem Plang well hat alleguerten d'Mënschen an Géigestänn ëmwandelen, fir déi dann besser kontrolléieren ze kennen. Wärend dem hunn den Hummer an d'Buch een alen Bopi begéint dem säin ganzt Duerf vun Seeën zerstéiert gouf.

 

Gëschter Moien hunn d'Kanner dunn an dem Thema vun der Geschicht dem Bopi gehollef säin Duerf erëm opzebauen.

 

No engem flotten Spill Metten um Site ass et dunn Owes an den Bësch gaangen fir en Nuetsrallye. Hei missten d'Kanner den Märechersfiguren hëllefen en Zaubersproch ze fannen fir dass si hiren Fluch ass ginn.

 

Haut geet et dann op den Hike. Hei sinn d'Kanner alleguerten an hiren Gruppen ënnerwee an wäerten déi nächst 2 Nuechten net bei eis um Site iwwernuechten, mee bei engem Bauer, am Bësch oder an enger Höhl.

 

Mir mellen eis nom Hike, bis geschwënn :)

IMG_20180721_210115.jpg WhatsApp_Image_2018-07-22_at_11.30.56.jpeg WhatsApp_Image_2018-07-22_at_12.06.15.jpeg WhatsApp_Image_2018-07-22_at_23.40.26.jpeg
Dësen Artikel gouf bis elo 707 mol opgeruff.

Kommentarer zu dësem Artikel

Schreift e Kommentar zu dësem Artikel.


E Kommentar schreiwen zu "Vill flotten Programm"


Ären Numm:
Är Emailadress:
Titel vun Ärem Kommentar:
Äre Kommentar:

This is a captcha-picture. It is used to prevent mass-access by robots. (see: www.captcha.net)
Gitt w.egl. d'Zeechen an, déi dir am Feld hei uewendriwwer gesitt:


Wann Dir net wëllt, datt eng vun dëse Fotoen hei ugewise gëtt, da kontaktéiert ons w.e.gl. a mir huelen se sou séier wéi méiglech erof.
Et ass net erlaabt Fotoe vun dëser Säit ze kopéieren an/oder op anere Plazen ze publizéieren.


Zréck


Kalenner



Nächst Aktivitéiten

20.10.2018 - 21.10.2018
Bastel-Gekniwwels

20.10.2018 - 21.10.2018
Grujelweekend

28.10.2018 - 03.11.2018
Formatiounswoch 1. Cycle


Nei am Blog