Menu


Blog



Camp Ierpeldeng I

Flott Stëmmung zu Ierpeldeng

Agedro den 20.07.2018 vum Ben Piret


Gëschter sin 102 Kanner zu Ierpeldeng ukomm fir 10 Deeg mat eisen voll motiveierten Moniteuren ze verbrengen. Mëttes gouff sech direkt mat flotten Wasserspiller oofgekillt. Nodeems sech beim Owesiessen den Bauch vollgeschloen gouff, hun dei eenzel Hausgruppen eng Aktivitéit an hierem Grupp gemaach fir d'Identitéit ze stärken. 

 

An der Geschicht hun dei drei Abenteurer no enger längerer Rascht op den Wee gemaach fir en néien Schatz ze sichen. Dëst ass léider net sou einfach well den Cliff beim opmaachen vum Schatz en Fluch ausgeléist hudd, dobei gouffen eis dréi Entdecker an Geigenstänn verwandelt. Elo sin an der Geschicht een Hummer, een Buch an eng Wäschmaschine déi probéieren den Flug op en Néits ze briechen an deen richtegen Schatz ze fannen.

 

Haut hun sech eis Kanner an verschiddenen Atelieren ageschriwwen, dëst goung vun engem klasseschen Sportsatelier iwwert Staudamm bauen, Action Painting oder awer och gouff gebastelt an aus Naturmaterialien Seefen gemaach. Mëttes hun d'Kanner sech dann op den Wee an den Bësch gemaach wou sie un engem Turnoi vun der Zauberschoul deel geholl hun.

 

IMG-20180720-WA0009.jpg IMG-20180720-WA0053.jpg IMG-20180720-WA0073.jpg IMG_20180719_174849.jpg
Dësen Artikel gouf bis elo 713 mol opgeruff.

Kommentarer zu dësem Artikel

Schreift e Kommentar zu dësem Artikel.


E Kommentar schreiwen zu "Flott Stëmmung zu Ierpeldeng"


Ären Numm:
Är Emailadress:
Titel vun Ärem Kommentar:
Äre Kommentar:

This is a captcha-picture. It is used to prevent mass-access by robots. (see: www.captcha.net)
Gitt w.egl. d'Zeechen an, déi dir am Feld hei uewendriwwer gesitt:


Wann Dir net wëllt, datt eng vun dëse Fotoen hei ugewise gëtt, da kontaktéiert ons w.e.gl. a mir huelen se sou séier wéi méiglech erof.
Et ass net erlaabt Fotoe vun dëser Säit ze kopéieren an/oder op anere Plazen ze publizéieren.


Zréck


Kalenner



Nächst Aktivitéiten

20.10.2018 - 21.10.2018
Bastel-Gekniwwels

20.10.2018 - 21.10.2018
Grujelweekend

28.10.2018 - 03.11.2018
Formatiounswoch 1. Cycle


Nei am Blog