Menu


Blog



Ouschterkolonie II

Nëmmen go!

Agedro den 20.04.2017 vum Lisa Kersch


Gëschter war grouss Panik am Schlass! D' Stärekächin Antoinnette de la Noix an hier CoChefin, d'Jérémy-Pascale hunn eis Kanner aus em Bett geheit well si hier Rezepter geklaut kruten an dobäi sollten si dach fir den Jury vum Bocuse d'Or virkaachen! No engem gudden Kaffi am Rittersall vum Schlass hunn eis Kanner sech dunn am Pyjama drun gemaach d'Rezepter erëmzefannen an waren ganz erfollegräich dobäi. Nom Mëttegiessen sollten eis Kleng dunn selwer zu StärekächInnen ginn. An verschiddenen Workshops haten si d'Méiglechkeet sech vum Tellerwäscher iwwert den Serviettenfalter hin zum Chef de Bar bis op den Chefkach eropzeschaffen. Niewebäi missten si awer och op verschiddenen klengen Spiller Suen erspillen. Mat deenen Suen konnten si dunn um Maart déi néideg Zutaten kafen fir der Madame de la Noix hiren Menü nozekachen. Dono hunn mir dunn gemittlech all zesummen am Rittersall zu Owend giess an eis eis selwergemaachten Pizzaschnecken, Burritos an Fruchtspießer gutt schmaachen gelooss! Ween elo mengt domadder wär et gedoen, den huet sech geiert! Nom Iessen goung et nämlech weider an eiser Geschicht wou den Kommissar Schümperli, den Professer Siggy an den Drago nach ëmmer op der Sich no den Gauner sinn. Dono goung et weider op d'Nuetsspill wou eis Kanner probéiert hunn esou vill wéi méiglech Luucht ze sammelen. Schlussendlech hunn mir den Owend dunn mat engem gudden Schocki auskléngen gelooss.
Den Moien stoung dunn emol fir d'éischt e bëssen Ausschlofen fir eis Kleng (an hier Moniteuren) um Programm fir dann mat engem flotten Brunch am Schlass voller Energie an eis Gruppenchallenge (eis Kanner kämpfen do am Momentan em näischt manner ewéi den Titel vum "Beschten Hausgrupp op der Ouschterkolonie 2") ze starten. Den Gruppenchallenge fënnt säin Enn zu Miersch an der Schwämm wou eis Kanner hier Moniteuren mol eng Kéier richteg gutt zappen kënnen. Den Owend wäert et am Schlass zu Huelmes awer nees e bëssen méi roueg zougoen, ëmmerhin brauchen mir jo nach Energie fir eis Disco en Freiden.

Dësen Artikel gouf bis elo 5130 mol opgeruff.

Kommentarer zu dësem Artikel

Schreift e Kommentar zu dësem Artikel.


E Kommentar schreiwen zu "Nëmmen go!"


Ären Numm:
Är Emailadress:
Titel vun Ärem Kommentar:
Äre Kommentar:

This is a captcha-picture. It is used to prevent mass-access by robots. (see: www.captcha.net)
Gitt w.egl. d'Zeechen an, déi dir am Feld hei uewendriwwer gesitt:


Wann Dir net wëllt, datt eng vun dëse Fotoen hei ugewise gëtt, da kontaktéiert ons w.e.gl. a mir huelen se sou séier wéi méiglech erof.
Et ass net erlaabt Fotoe vun dëser Säit ze kopéieren an/oder op anere Plazen ze publizéieren.


Zréck


Kalenner



Nächst Aktivitéiten

19.07.2018 - 29.07.2018
Camp Ierpeldeng I

26.07.2018 - 29.07.2018
Mam Yuri duerch de Weltall

3.08.2018 - 12.08.2018
Spillvakanz


Nei am Blog

Adventure Camp
Vill lass zu Wäicherdang

Iergendwéi anescht
En erfollegräichen Daach...

Päischtcamp
ritterlechen Ofschloss