Blog
Wanterkolonie
Vill Gléck am neien Joer
Agedro den 01.01.2017 vum Kevin SchneiderEt ass esou wäit!!!
2017 ass do an mir hunn gutt an dat neit Joer eran gefeiert.
Den Daach huet mat Atelieren ugefaangen. Dëst Kéier ass manner gebastelt ginn, mee eichter gekacht ginn oder sech sportlech betätegt ginn. Och kënschtleresch Saachen wei Bodypainting an Musek maachen waren dobäi. Mëttes ass et mam Gruppenchallenge weidergaangen. Hei ass Karaoke gesongen ginn éiert d´Kanner de Yann an den Kevin fannen missten.
Um Schluss huet eng Ronn Capture the Flag alles ofgeronnt. Mee dono war nach laang net Schluss. Am Haus hunn d´Kanner der Mafia gehollef verschidden Saachen ze schmuggelen an sinn esou och selwer ëmmer méi räich ginn.
D´Owesiessen war en Highlight par exellence! Een 3 Gängemenu stoung um Programm éiert mir Feier gespaut an Feier op der Hand gehalen hunn. An der Disco ass gedanzt ginn an d´Freedefeier bewonnert ginn. Dono gouf et nach eng warn Zopp an dunn sinn se all midd an d´Bett gefall.
Kommentarer zu dësem Artikel
Schreift e Kommentar zu dësem Artikel.
Et ass net erlaabt Fotoe vun dëser Säit ze kopéieren an/oder op anere Plazen ze publizéieren.
Zréck