Blog
Wanterkolonie
Wintertales
Agedro den 28.12.2016 vum Kevin SchneiderDen eichten Daach vun der Wanterkolonie 2016/17 ass endlech do. 40 Kanner aus allen Ecker vum Land sinn agetraff an hunn den neie Site vum Marienthal entdecke kennen.
Iwwerall war eppes lass. Nodeems och de läschten Eck gekuckt ginn ass gouf et lmëttes ecker Spaghetti fir ze iessen, éiert et mat engem Spill duerch d´Haus weidergaangen ass. Hei missten eis Kanner probéieren a klenge Gruppen esou vill wei méiglech Länner ze eroberen.
Owes hunn mir d´Lexy an der Geschicht kennegeléiert. Hat ass mat engem Teleporter an eng komesch Welt geroden, op hat do erëm raus kennt a wei et weidergeet gesi mir an den nächsten Deeg.
Kommentarer zu dësem Artikel
Schreift e Kommentar zu dësem Artikel.
Et ass net erlaabt Fotoe vun dëser Säit ze kopéieren an/oder op anere Plazen ze publizéieren.
Zréck