Menu


Blog



Zeltkolonie fir eis all II

Schwämm, Geschichtsspill an Atelieren

Agedro den 23.08.2016 vum Anne Gantrel


Nodeems d'Kanner e Sonnden all gutt knaschteg, awer zefridden, vum Hike erëm komm sinn, si mir an d'Schwämm gaangen. Mir hunn eis gutt amuséiert an Owes lecker Hamburger um Camp giess.

 

Gëschter Mëtteg sinn d' Kanner dunn ob eng Geriichtsverhandlung geruff ginn. Hire Kapitän Cortez war ugeklot! Mäi d'Kanner konnten duerch vill kleng Spiller awer dem Cortez seng Onschold beweisen, sou, dass gëschter Owend d'Sich nom Schatz konnt weider goen. De Schatz hunn eis 3 Piraten zwar nach net, mäi dofir hunn si awer elo déi 4 Objet'en, déi si brauche fir de Schatz ze kréien: de Schlëssel, d'Laachtréinen, d'Amulett an déi schwaarz Pärel. Mol kucken, ob eis Piraten haut den Owend de Schatz fannen.

 

Haut de Moie ware mir och scho fläisseg! Verschidde Kanner hunn eis e leckere Snack a Cocktailer fir eis Disco den Owend gemaach. Aner Kanner hu gebastelt oder sech beim Fussballspillen ausgetoobt.

Mir freeën eis iech muer dann all ob eiser Kiermes ze begréissen. Um 12.30 geet et lass, an da gëtt et och  e Patt an eppes vum Grill.

Dësen Artikel gouf bis elo 6894 mol opgeruff.

Kommentarer zu dësem Artikel

Schreift e Kommentar zu dësem Artikel.


E Kommentar schreiwen zu "Schwämm, Geschichtsspill an Atelieren"


Ären Numm:
Är Emailadress:
Titel vun Ärem Kommentar:
Äre Kommentar:

This is a captcha-picture. It is used to prevent mass-access by robots. (see: www.captcha.net)
Gitt w.egl. d'Zeechen an, déi dir am Feld hei uewendriwwer gesitt:


Wann Dir net wëllt, datt eng vun dëse Fotoen hei ugewise gëtt, da kontaktéiert ons w.e.gl. a mir huelen se sou séier wéi méiglech erof.
Et ass net erlaabt Fotoe vun dëser Säit ze kopéieren an/oder op anere Plazen ze publizéieren.


Zréck


Kalenner



Nächst Aktivitéiten

18.08.2018 - 22.08.2018
4 Nuechten am Zelt

22.08.2018 - 01.09.2018
Erliefniskolonie

26.08.2018 - 02.09.2018
Check-In


Nei am Blog

Spillvakanz
Vill spannend Deeg

Spillvakanz
SpaassSpaassSpaass

Spillvakanz
Zu Befort ukomm