Menu


Blog



4 Nuechten am Zelt

Pizzaschnecken, Punkten an Party

Agedro den 22.08.2016 vum Ioanna Madenoglu


Motto vum Dag: Vir, vir, hannen, hannen, riets, riets, lenks, lenks, vir, hannen, riets, lenks, dréinen!

 

De Moien huet gutt ugefaange well mir sinn direkt vun der Kiche mat Speck, Eeër a Rösti verwinnt ginn! Zemools de Grupp 2 huet sech iwwer dat "Ritteriessen" gefreet! Haut konnten d'Kanner sech och erëm a verschidden Ateliers aschreiwen, si konnten tëschent backen, dekoréieren oder Sport maache wielen! Léif Elteren, dir kënnt iech also op Kéisschleeken a kalen Hond op eiser Kiermes muer freeën!

 

Vläicht hutt dir et jo schonn de Mëtten um Radio héieren, mee de Mëtten hate mir eisen traditionelle Gruppenchallenge, wou all Grupp konnt mat verschiddenen Aufgabe Punkte sammelen an e flotte Präis gewannen! All Mënsch huet säi Bescht gi mee zum Schluss huet Grupp 4 knapps gewonnen! Si kréie muer de Moie Paangecher beim Kaffi servéiert!

 

Haut den Owend gouf et eppes Grousses ze feieren! De Specki huet sech mam Bertha bestuet a mir hunn eng richteg grouss Hochzäitsparty zesumme gefeiert! Et gouf vill gedanzt, gelaacht fir Iessen a Gedrénks war och gesuergt: Pizzaschnecken a Kelloqskichelcher hunn eis erwaart souwéi eng lecker Bowle!

 

Esou schléisse mir da bal eise Camp schonn of mat eiser leschter Nuecht am Zelt.

Merci Ierpeldeng, du wäerts eis feelen!

 

 

...mee den nächste Summer kënnt, an Ierpeldeng waart schonn!

14113879_10157240890785123_268788814_o.jpg 14114516_10157240888770123_2037550555_o.jpg 14114622_10210476403690249_1686450844_o.jpg
Dësen Artikel gouf bis elo 6861 mol opgeruff.

Kommentarer zu dësem Artikel

Schreift e Kommentar zu dësem Artikel.


E Kommentar schreiwen zu "Pizzaschnecken, Punkten an Party"


Ären Numm:
Är Emailadress:
Titel vun Ärem Kommentar:
Äre Kommentar:

This is a captcha-picture. It is used to prevent mass-access by robots. (see: www.captcha.net)
Gitt w.egl. d'Zeechen an, déi dir am Feld hei uewendriwwer gesitt:


Wann Dir net wëllt, datt eng vun dëse Fotoen hei ugewise gëtt, da kontaktéiert ons w.e.gl. a mir huelen se sou séier wéi méiglech erof.
Et ass net erlaabt Fotoe vun dëser Säit ze kopéieren an/oder op anere Plazen ze publizéieren.


Zréck


Kalenner



Nächst Aktivitéiten

17.08.2018 - 24.08.2018
Zeltkolonie fir eis all II

18.08.2018 - 22.08.2018
4 Nuechten am Zelt

22.08.2018 - 01.09.2018
Erliefniskolonie


Nei am Blog

Spillvakanz
Vill spannend Deeg

Spillvakanz
SpaassSpaassSpaass

Spillvakanz
Zu Befort ukomm