Menu


Blog



4 Nuechten am Zelt

Kniwwelen, Keiswuppen a grousse Kino

Agedro den 21.08.2016 vum Ioanna Madenoglu


Motto vum Dag: Dat Wichtegst gesäit een nëmme mam Häerz!

 

Haut war e groussen Dag hei um Camp!

De ganzen Dag hu mir dem Specki gehollef erëm a seng Zäit ze fannen! Zesumme mam Bertha a mam Dr. Prof. Roll hu ma eis op d'Sich no engem Stéckstoff-Methan-Akkumulator gemaach! Moies hu mir Suen um Schwaarzmaart versicht ze gewanne fir dunn mëttes verschidde Materialie kënnen ze kafen! Alles huet super gutt geklappt!

 

Vill Spaass hate mir och nach beim Grillen an um Sprangschlass, wat haut ukomm ass an och bis muer den Owend wäert bleiwen! Eis Zelter sinn och geraumt ginn an de Grupp 4 huet des Kéier de Concours "Ween huet dat propperst Zelt" gewonnen!

 

Dësen Dag hu mir da schéin ofgeschloss mam Ierpeldenger Open-Air Kino wou mir zesumme mam Stitch "De klenge Prënz" gekuckt hunn. De Popcorn duerft och net feelen, souwéi d'Schlofsäck fir net kal ze ginn.

 

Wat muer nach alles sou um Camp leeft, gitt dir da méi spéit gewuer!

14045297_10157235579385123_1448057848_o.jpg 14075064_10157235530775123_641874865_o.jpg 14087230_10157235531120123_606366885_o.jpg
Dësen Artikel gouf bis elo 1238 mol opgeruff.

Kommentarer zu dësem Artikel

Schreift e Kommentar zu dësem Artikel.


E Kommentar schreiwen zu "Kniwwelen, Keiswuppen a grousse Kino"


Ären Numm:
Är Emailadress:
Titel vun Ärem Kommentar:
Äre Kommentar:

This is a captcha-picture. It is used to prevent mass-access by robots. (see: www.captcha.net)
Gitt w.egl. d'Zeechen an, déi dir am Feld hei uewendriwwer gesitt:


Wann Dir net wëllt, datt eng vun dëse Fotoen hei ugewise gëtt, da kontaktéiert ons w.e.gl. a mir huelen se sou séier wéi méiglech erof.
Et ass net erlaabt Fotoe vun dëser Säit ze kopéieren an/oder op anere Plazen ze publizéieren.


Zréck


Kalenner



Nächst Aktivitéiten

27.12.2017 - 01.01.2018
Wanterkolonie

6.01.2018 - 07.01.2018
Nuetsraid

20.01.2018 - 21.01.2018
Theater op der Kolonie


Nei am Blog

Erliefniskolonie
Retour vum Hike

Zeltkolonie fir...
e Puer weider flott Deeg ob...

4 Nuechten am Zelt
Gruppen Challenge &...