Menu


Blog



Zeltkolonie fir eis all II

Bëschdag, Geschicht an Hike

Agedro den 20.08.2016 vum Anne Gantrel


No deenen éischte Puer Deeg hu mir eis all gutt agelierwt hei zu Colmar. Mir sinn de ganzen Dag um Tour, sou dass hei ëmmer eng lass ass.

 

E Grupp huet dierften hier Moniteure schminken a verkleeden, sou wéi et hinne gefält. Ganz nom Motto: "Pimp my Moniteur". Do si wierklech lëschteg Saache raus komm!Gëschter hate mir Bëschdag, e groussen Highlight ob all Zeltkonie! Do waren d'Kanner de ganzen Dag am Bësch an d'Forest Generation ass géingt d'Millenium Generation ugetruede fir erauszefanne wien da lo déi Bescht sinn. Mëttes hu mir souguer am Bësch giess, et si lecker Fajitas ginn.

 

Bis elo si mir och all Owend d'Geschicht kucke gang, en Theater, dee vun de Moniteure gespillt gëtt. Dobäi sichen dëst Joer 3 Piraten de grousse Schatz "Invictus". Fir dëst ze packen, mussen si allerdéngs verschidde Saache sammelen. Bis elo hu mir et gepackt fir e wichtege Schlëssel a Laachtréine vu Meerjungfrauen ze kréien. Allerdéngs fehlen eis nach eng schwaarz Pärel an en Amulett. Mol kucken ob mir de Schatz dës Kolonie nach fannen...

 

Haut de Moien huet sech dunn all Grupp mat senge Moniteuren ob de Wee gemeet, ob den Hike. All Grupp schléift den Owend ob enger aner Platz. Déi eng si bei engem Bauer, eng aner Equipe schléift am Bësch an déi 3. Equipe ass an engem Scoutschalet.

 

Dësen Artikel gouf bis elo 786 mol opgeruff.

Kommentarer zu dësem Artikel

Schreift e Kommentar zu dësem Artikel.


E Kommentar schreiwen zu "Bëschdag, Geschicht an Hike"


Ären Numm:
Är Emailadress:
Titel vun Ärem Kommentar:
Äre Kommentar:

This is a captcha-picture. It is used to prevent mass-access by robots. (see: www.captcha.net)
Gitt w.egl. d'Zeechen an, déi dir am Feld hei uewendriwwer gesitt:


Wann Dir net wëllt, datt eng vun dëse Fotoen hei ugewise gëtt, da kontaktéiert ons w.e.gl. a mir huelen se sou séier wéi méiglech erof.
Et ass net erlaabt Fotoe vun dëser Säit ze kopéieren an/oder op anere Plazen ze publizéieren.


Zréck


Kalenner



Nächst Aktivitéiten

27.12.2017 - 01.01.2018
Wanterkolonie

6.01.2018 - 07.01.2018
Nuetsraid

20.01.2018 - 21.01.2018
Theater op der Kolonie


Nei am Blog

Erliefniskolonie
Retour vum Hike

Zeltkolonie fir...
e Puer weider flott Deeg ob...

4 Nuechten am Zelt
Gruppen Challenge &...