Menu


Blog



4 Nuechten am Zelt

Mafia, Marshmallows a Motivatioun

Agedro den 20.08.2016 vum Ioanna Madenoglu


Motto vum Dag: Mir wëllen déi allerbeschte sinn, wéi kee virun eis war!

 

Haut de Moien si mir déi éischte Kéier an eisen Zelter erwächt! No engem waarme Schocki ass et och scho lass gaangen an d'Kanner konnte wielen, ob se léiwer wollte bastelen oder sech méi sportlech ameséieren.

 

Nodeems ma gutt mat Wäinzoossiss an Spëtzele verwinnt goufen, krute mir dunn mëttes Besuch vun der Mafia. Se hunn eis rekrutéiert a mir hunn hinne gehollef Saachen ze schmuggelen. Zwee Mafiakreeser sinn dono géinteneen ugetrueden an hu misse souvill verschidde Saache schmuggelen ouni vun der anerer Equipe ofgeschoss ze ginn.

 

Beim Owesiesse si Pokémon opgetaucht, déi missten dunn séier gefaange ginn! Duerno hate ma dunn eng flott Marshmallow Party beim Feier wou mir eis et all gutt schmaache gelooss hunn. Och de Stitch hat vill Spaass mat sengen neie Kollegen.

 

De Specki ass och erëm opgetaucht, an zwar am Joer 1915! Mir sinn all duerch d'Zäitmaschinn an d'Vergaangenheet gereest a ware bal schonn um Wee fir erëm an d'Géigewaart mee dunn huet een eis dotëscht gefunkt!

 

Wäerte mir muer de Wee zeréck fannen? Mir halen iech um Lafenden!

 

PS. Weider Fotoen kommen nach hei no!

14075029_10202388441149537_1776056354_o.jpg 14075148_10210457909387903_686484833_o.jpg
Dësen Artikel gouf bis elo 1002 mol opgeruff.

Kommentarer zu dësem Artikel

Schreift e Kommentar zu dësem Artikel.


E Kommentar schreiwen zu "Mafia, Marshmallows a Motivatioun"


Ären Numm:
Är Emailadress:
Titel vun Ärem Kommentar:
Äre Kommentar:

This is a captcha-picture. It is used to prevent mass-access by robots. (see: www.captcha.net)
Gitt w.egl. d'Zeechen an, déi dir am Feld hei uewendriwwer gesitt:


Wann Dir net wëllt, datt eng vun dëse Fotoen hei ugewise gëtt, da kontaktéiert ons w.e.gl. a mir huelen se sou séier wéi méiglech erof.
Et ass net erlaabt Fotoe vun dëser Säit ze kopéieren an/oder op anere Plazen ze publizéieren.


Zréck


Kalenner



Nächst Aktivitéiten

27.12.2017 - 01.01.2018
Wanterkolonie

6.01.2018 - 07.01.2018
Nuetsraid

20.01.2018 - 21.01.2018
Theater op der Kolonie


Nei am Blog

Erliefniskolonie
Retour vum Hike

Zeltkolonie fir...
e Puer weider flott Deeg ob...

4 Nuechten am Zelt
Gruppen Challenge &...