Menu


Blog



4 Nuechten am Zelt

De Stitch, de Specki an eng Schauer.

Agedro den 19.08.2016 vum Ioanna Madenoglu


Motto vum Dag: So mir, kräischs du oder ass dat de Reen, dee vun denger Nues erof drëpst?

 

Knapps ukomm, alles ausgepaakt a scho vum Reen iwwerrascht ginn!
Eis Kanner hunn dësen éischten Dag vum Camp gutt hannert sech bruecht! Trotz Schaueren, ass d'Stëmmung net an d'Sauer gerutscht, dank flotten, deelweis improviséierten Aktivitéite vun eise motivéierte Moniteuren!

 

Och de Stitch ass dëst Joer erëm dobäi a freet sech op all déi nei Abenteuer zesummen! Hien huet souguer säi grousse Brudder fonnt!

Nodeems um Owesiesse scho gutt Stëmmung gemaach gouf a mir all zesumme gedanzt hunn, hu mir dono de Specki kennegeléiert, deen eis dunn bei d'Professorin a säin Assistent matgeholl huet. Nei Erfindunge goufen entdeckt an Experimenter duerchgefouert...

 

Mir si gespaant, wat eis an deenen nächsten Deeg nach alles erwaart a mellen eis geschwënn mat neien Anekdote vun dësem villverspriechende Camp!

14045380_10157226112295123_193571103_o.jpg 14060210_10210445205510314_610355777_o.jpg 14074555_10210445200630192_1729430603_o.jpg 14075232_10157226112770123_1369178984_o.jpg
Dësen Artikel gouf bis elo 1173 mol opgeruff.

Kommentarer zu dësem Artikel

Schreift e Kommentar zu dësem Artikel.


E Kommentar schreiwen zu "De Stitch, de Specki an eng Schauer."


Ären Numm:
Är Emailadress:
Titel vun Ärem Kommentar:
Äre Kommentar:

This is a captcha-picture. It is used to prevent mass-access by robots. (see: www.captcha.net)
Gitt w.egl. d'Zeechen an, déi dir am Feld hei uewendriwwer gesitt:


Wann Dir net wëllt, datt eng vun dëse Fotoen hei ugewise gëtt, da kontaktéiert ons w.e.gl. a mir huelen se sou séier wéi méiglech erof.
Et ass net erlaabt Fotoe vun dëser Säit ze kopéieren an/oder op anere Plazen ze publizéieren.


Zréck


Kalenner



Nächst Aktivitéiten

27.12.2017 - 01.01.2018
Wanterkolonie

6.01.2018 - 07.01.2018
Nuetsraid

20.01.2018 - 21.01.2018
Theater op der Kolonie


Nei am Blog

Erliefniskolonie
Retour vum Hike

Zeltkolonie fir...
e Puer weider flott Deeg ob...

4 Nuechten am Zelt
Gruppen Challenge &...