Menu


Blog



Spillvakanz

Volle Programm

Agedro den 09.08.2016 vum Jeff Hennico


Ob der Spillvakanz ass immens vill lass, hei gëtt et keng Zäit fir sech ze langweilen. Mir bastele vill, spille vill a loossen eis et ganz gutt goen.

 

Eis Spillvakanzler sinn e Freideg duerch d ganz Welt gereest, si waren an Europa, Amerika, Afrika, Asien an Australien. Ob all Kontinent goufen et Aufgaben di si hunn misste léisen. Weiderhin, hunn mir och schonn eisen Operett fir d Kiermes geüübt, wou mir eis all freeë wann dir zu ganz vill kucke kommt. Dunn sinn eis Kanner duerch ganz Beefort gelaf fir Pokémonen ze sichen, di sech iwwerall verstoppt hunn, och souguer am schéine Schlass zu Beefort.

 

An dunn, den Highlight vun eiser Kolonie, den Hike. Jidderee war immens tapfer. Eng Nuecht ënnert fräiem Himmel oder bei engem Bauer an der Scheier, war fir d Kanner obreegend a flott. Sou Erfahrunge sinn eemoleg.

 

An dunn nom ustrengenden Hike, gouf et eng Hochzäit. Eise Peter Pan an eis Prinzessin goufe Bestuet. Et war e risegt Fest wou et Paangecher gi sinn, Cocktailer, en Trampolin a ganz vill aner Spiller.

IMG_5028.jpg IMG_5070.jpg IMG_5088.jpg IMG_5106.jpg IMG_5111.jpg IMG_9434.jpg IMG_9444.jpg IMG_9478.jpg
Dësen Artikel gouf bis elo 3362 mol opgeruff.

Kommentarer zu dësem Artikel

Schreift e Kommentar zu dësem Artikel.


E Kommentar schreiwen zu "Volle Programm"


Ären Numm:
Är Emailadress:
Titel vun Ärem Kommentar:
Äre Kommentar:

This is a captcha-picture. It is used to prevent mass-access by robots. (see: www.captcha.net)
Gitt w.egl. d'Zeechen an, déi dir am Feld hei uewendriwwer gesitt:


Wann Dir net wëllt, datt eng vun dëse Fotoen hei ugewise gëtt, da kontaktéiert ons w.e.gl. a mir huelen se sou séier wéi méiglech erof.
Et ass net erlaabt Fotoe vun dëser Säit ze kopéieren an/oder op anere Plazen ze publizéieren.


Zréck


Kalenner



Nächst Aktivitéiten

21.05.2018 - 26.05.2018
Päischtcamp

2.06.2018 - 03.06.2018
Mam Nimham bei d’Indianer

9.06.2018 - 10.06.2018
Mam Sherlock am Misterydall


Nei am Blog

Ouschterkolonie I
3,2,1... an mir sin live

Ouschterkolonie I
Ee Bonjour vun Huelmes

Fueskolonie
De leschten Dag Fueskolonie