Menu


Blog



Adventure Camp

Adventureräich Deeg

Agedro den 21.07.2016 vum Valerie Klein


Mir mellen eis erëm no e puer adventureräich Deeg.

Lass goung et Méindes op de Stau. Moies sinn déi eng mam Mountainbike iwwer d’Eislécker Koppen gefuer, während déi aner um Stand Up-Paddling probéiert hunn um Briet ze bleiwen an net am Waasser ze landen. Wat awer och eng gutt Oofkillung war, bei deem super Wierder. No engem Picknick mëttes, si mir all zesummen gestäerkt an de Kayak geklommen an bis bei d’Fuussewiss gepaddelt fir do eng kuerz Erfrëschung am Stau ze huelen. Owes erëm zu Wäicherdang ukomm krute mir vun den Kichecheffen gegrillt an dono war nach eng Show mam Günther Jauch an mam Jauch Günther mat "Wien gewennt d’Milliounen-Challenge". Des Challenge-Show ass dunn den Dag drop virun gaangen mat engem Challengebuch, wou si hu missen duerch dat ganzt Land reesen fir souvill wei méiglech Challengen ze erfëllen. Si hu missen Saachen sammelen, e Quiz léisen oder och aner Challengen packen,

Mëttwochs dunn hunn se hier Kichesaachen prett gemaach an si sinn mat Sak a Pak lass gaangen op deen éischten Dag Hike.

DSC_1940.JPG IMG_8337.jpg
Dësen Artikel gouf bis elo 2424 mol opgeruff.

Kommentarer zu dësem Artikel

Schreift e Kommentar zu dësem Artikel.


E Kommentar schreiwen zu "Adventureräich Deeg"


Ären Numm:
Är Emailadress:
Titel vun Ärem Kommentar:
Äre Kommentar:

This is a captcha-picture. It is used to prevent mass-access by robots. (see: www.captcha.net)
Gitt w.egl. d'Zeechen an, déi dir am Feld hei uewendriwwer gesitt:


Wann Dir net wëllt, datt eng vun dëse Fotoen hei ugewise gëtt, da kontaktéiert ons w.e.gl. a mir huelen se sou séier wéi méiglech erof.
Et ass net erlaabt Fotoe vun dëser Säit ze kopéieren an/oder op anere Plazen ze publizéieren.


Zréck


Kalenner



Nächst Aktivitéiten

19.07.2018 - 29.07.2018
Camp Ierpeldeng I

26.07.2018 - 29.07.2018
Mam Yuri duerch de Weltall

3.08.2018 - 12.08.2018
Spillvakanz


Nei am Blog

Adventure Camp
Vill lass zu Wäicherdang

Iergendwéi anescht
En erfollegräichen Daach...

Päischtcamp
ritterlechen Ofschloss